Iwwer d’Auteurin vun ''Free Fall – Die Wahrheit ist dein Tod'' weess een net vill, ausser dass den Numm Jessica Barry e Pseudonym ass. Opgewuess ass d’Amerikanerin an enger Klengstad am Massachussetts an se lieft elo mat hirem Mann an 2 Kazen zu London. Ob et sech bei « Free Fall », hirem éischte Thriller, ëm e grousse Worf handelt, seet eis elo de Lucien Czuga.

29/10/2019 Buch vun der Woch: Free Fall - Die Wahrheit ist dein Tot

Eigentlech huet dat 30jähregt Ally alles, wat eng jonk Fra sech wënsche kann : e perfekte Mann, de Ben, en erfollegräichen Entrepreneur aus der Pharmabranche, en Haus, wéi een sech et méi schéin net wënsche kann an all Sue vun der Welt fir sech déi schickste Kleeder ze kafen. Mä enges Dags kritt dat idyllescht Liewen e brutaalt Enn : op engem Flug iwwer d’Rocky Mountains stierzt d’Ally mam Fliger of a gëlt vun deem Moment un als dout. D’Autoritéite ginn dovun aus, datt et sech bei deem verbrannte Pilot am Fliger ëm säi Mann handelt an dass hatt erausgeschleidert an nach net fonnt gouf. A Wierklechkeet awer huet d’Ally den Akzident iwwerlieft a befënnt sech vun do un op der Flucht vrun engem mystériéise Killer. Hir eenzegt Zil ass et elo, sech bis an de Maine bei hir Mamm duerchzeschloen…

Op där anerer Säit vun Amerika ass d’Maggie, dem Ally seng Mamm, iwwerzeegt dass hir Duechter nach lieft an obschonns déi zwee jorelaang net méi matenee geschwat hunn, mécht si sech op d’Sich no där jonker Fra. Mä wat si der Saach méi nogeet, z. B. doduerch datt si bei den Eltere vum Ben opdaucht, wat si selwer och ëmmer méi a Gefor geréit. Bis et enges Dags bei hir un der Dier schellt an ee vrun hir steet, mat deem si ni am Liewe méi gerechent hätt…

Wann däi Liewen eng Ligen ass, da kann d’Wourecht dech ëmbréngen - dat ass de Motto, ënnert deen een dëst Buch kéint stellen. ''Free Fall – Die Wahrheit ist dein Tod'' ass zwar deen éischte Thriller vum Jessica Barry, mä deen ass esou clever gestréckt, dass een sech elo schonn op deen nächste freeë kann. D’Thema, dat hei behandelt gëtt, an zwar déi däischter Säite vun der Pharmaindustrie an hir munnechmol déidlech Konsequenzen, ass zwar näischt Neies, mä d’Ausgangssituatioun an d’Opléisung bidden esouvill Iwwerraschungen, dass och dee blaséiertste Krimilieser misst um Enn vum Buch zefridde sinn.