E literarescht Quintett steet haut am Mëttelpunkt vun eiser “Lecture vun heiheem”. Fënnef Fraen mat ganz verschiddene Biografien, déi eppes gemeinsam hunn: si schreiwen op Englesch. “High Five” heescht déi neitste Publikatioun aus dem Haus “Black Fountain Press”. D’Bea Kneip huet d’Detailer.

06/11/2019 Lecture vun heiheem: "High Five"

Rumänien, Japan, Holland oder Lëtzebuerg, si sinn zu ganz verschiddenen Zäiten op ganz verschiddene Plazen um Globus gebuer, déi 5 Fraen déi op engem Oktoberdag zu Lëtzebuerg niewteneen opgereit do souzen fir hiert  Buch ze presentéieren. D’Joanna Easter, d’Larisa Faber, d’Fabienne Faust, d’Cecile Somers an d’Wendy Winn hate just als Virlag vum Verlag kritt, en Text oder Texter zu engem bestëmmten Thema ze schreiwen. Fir d’Cecile Somers waren dat Gedichter déi si ënnert dem Titel “Dr Alzheimers Jukebox or the Randomness of forgotten thoughts” zesummegefaasst huet.
Inspiréiert war och d’Fabienne Faust, déi mat “Tu veux danser” schonn e Lyrikband op Franséisch erausbruecht hat. Fir “High Five” huet si eng Serie vu Gedichter op Englesch verfaasst, zum Thema “Journey”, also “Rees”
Eng Begéignung mat hirer fréierer Heemecht beschreift d’Joanna Easter an hirem Prosatext “Driving through my hometown at night”
D’Larisa Faber beschäftegt sech an hirem Text mat engem méi intimen Thema mat dem zemol jonk Frae konfrontéiert sinn. Hiert Theaterstéck “Stark bollock naked” gouf am September a Groussbritannien fir d’éischt opgefouert.
Wou kritt een als Auteur seng Inspiratioun hir? Fir d’Radiospresentatrice Wendy Winn ass dat ganz einfach, hir Gedichter kommen einfach bei si "un d'Dir klappen".
“Thicker than water”, sou den Titel vun der Gedichtsammlung déi si fir dëse Band geschriwwen huet.
An dëser renger Dammeronn ass fir all Liesgout eppes dobäi. Et kann een sech vun der Larisa Faber hierer Dramaturgie schockéieren oder vun der Wendy Winn hierer Poesie enchantéiere loossen, eent ass sécher: alle 5 Fraen hunn eppes ze soen, an si zécken net de Mond opzemaachen, respektiv  hir Gedanken zu Pabeier ze bréngen. A fir dat Talent dat si dobäi beweisen, hu si ganz sécher en “High Five” verdéngt.

D'Anthologie "High Five" ass bei Black Fountain Press erauskomm.