E Gedicht vun e puer Zeilen an e Mini-Roman vu bal 100 Säiten, dat alles zesummen an engem Buch. Den Auteur huet absolut kee Respekt virun iergendwelche Konventiounen! An dat ass gutt esou, mengt d'Bea Kneip. Hat huet sech mam Francis Kirps iwwer säin neitstent Wierk mam Titel "Die Mutationen" ënnerhalen.

25/12/2019 Lecture vun heiheem: "Die Mutationen" vum Francis Kirps

Den Titel "Die Mutationen" muss ee wiertlech huelen. Déi 7 Geschichten an ee Gedicht baséieren op bekannt Wierker vun der Weltliteratur, vu Rotkäppchen bis Kafka, vu Virginia Woolf bis Kurt Tucholski.
Dozou de Francis Kirps: Jo, genau, dat ass d'Iddi hannendrun: dass ech een Text huelen den ech scho kennen an den ech och gutt fannen, an dorausser maachen ech en neien Text. Et ass keng Parodie. et ass och keng Nachdichtung. Et ass an all Fall e bëssen anescht virgaangen. 

Wann en dem Kafka seng Verwandlung einfach ëmdréit an aus enger Méck e Mënsch mécht, dann hätt dat op spektakulär Manéier kéinte schiefgoen. Mécht et awer net. Den aarme Leon Sumsa fënnt sech stënterlech als monstréist Mamendéier erëm, ganz ouni Facettenaen a Chitinpanzer. Leider och ouni Textilpanzer wat déi aner Hominiden ze schockéiere schéngt. De Francis Kirps baséiert sech op en Text an dem d'Realitéit schonn op d'Kopp gedréint gouf ,dréint en nach eng Kéier op d'Kopp, an kënnt aus dëser literarescher Eskimorull eraus ouni och nëmmen naass ze ginn.  Interessant ass, dass en a ville vu senge Kreatiounen dat anthropozentrescht Weltbild a Fro stellt: wann en zum Beispill aus der Siicht vun engem Schleek, engem Hond oder engem Ausserierdesche schreift.
Dee mat Ofstand längsten Text heescht "Das Modell"  a baséiert op "La Vénus d'Ille" vum Prosper Mérimée. Haaptpersoun ass eng jonk réimesch Sklavin, d'Tullia, déi mat engem ausgesprache moderne Vocabulaire beandrockt:
Francis Kirps: Jo, dat ass den Ufank, well et relativ krass ufänkt, dat ass realistesch geschriwwen, a vun dem Moment u wou et Sklavin gëtt (et ass ebe Schuldsklavin) do kënnt da moderne Slang mat eran, wéi zum Beispill "Securities" oder de Sklavenhalter deen heescht "Boss" oder "Arbeitgeber" an et ass relativ evident, dass ech do e bësse satiresch d'Géigewaart op d'Schëpp huelen, respektiv ech hat e bëssen d'Gefill ech schreiwen do net iwwert d'Antike, mä iwwer eng Zukunft (wann et esou weidergeet) dass d'Leit sech engem System ënneruerdnen dee relativ no u Sklaverei ass, eben dee ganz haarde Kapitalismus. Dofir hu mer och den Ënnertitel geholl "Eine antike Dystopie" . Dat widderschwätzt sech jo; et spillt an der Antike, mä et kéint och eng Dystopie sinn, eng negativ Zukunft. 

Net all Text huet en déifgräifende Message: "Cassis" zum Beispill ass eng Geschicht fir Kanner déi sech un der Marie von  Ebner-Eschenbach hirem "Krambambuli" inspiréiert. Sou verschidde wéi déi Texter sinn, vun deenen de Francis Kirps ausgaangen ass, ee roude Fuedem gëtt et: Hie bréngt hinnen all e grousse Respekt entgéint a gëtt kreativ ouni d'Originaler iergendwéi ze téitschen. An wann en d'Gefill hat et wier him manner gutt gelongen, dann huet en déi Texter einfach op der Säit gelooss, och dat erfuerdert Courage. Fazit: "Die Mutationen" soll ee wierklech net verpassen!