Eist Buch vun dëser Woch ass 1937 fir d'éischt erauskomm: an enger schwedescher Iwwersetzung. Méi wéi 80 Joer huet et also gedauert bis elo déi däitsch Originalversioun vum Ulrich Alexander Boschwitz sengem Débutroman "Menschen neben dem Leben" endlech do ass. Wéi et dozou koum, a firwat een sech dëse groussartege Roman net soll entgoe loossen, dat weess d'Bea Kneip.

31/12/2019 Buch vun der Woch: "Menschen neben dem Leben" Ulrich Boschwitz

1915 gouf den Ulrich Alexander Boschwitz zu Berlin gebuer. Als Jong vun enger protestantescher Mamm an engem jiddesche Papp ass hien 1935 emigréiert, fir d'éischt a Skandinavien a duerno an England. Vun do aus gouf en als "enemy alien" internéiert an an Australie bruecht. 1942 sollt hien zeréck an Europa kommen, säi Schëff gouf awer vun engem däitschen U-Boot torpedéiert an ass ënnergaangen. Den Ulrich Boschwitz gouf nëmme 27 Joer al. "Menschen dem Leben" war dem Boschwitz säin éischte Roman, den am Berlin vun den 20er Jore spillt. Eng Stad an der d'Liewe pulséiert, mä net jiddereen kann dorun deelhuelen. Dem Boschwitz seng Personnagen sinn ausgegrenzt, ouni Aarbecht, ouni Daach iwwert dem Kapp an, an Zäite vun der Weltwirtschaftskris, ouni Perspektiven. Do ass de Fundholz dee sech mat Heeschen iwwer Waasser hält. Trotzdem këmmert en sech ëm den Tönnchen, e jonke Mann mat extremem Iwwergewiicht an enger geeschteger Behënnerung. De Grissmann ass am Prinzip e fäerterege Mënsch, ma grad säi Manktem u Courage féiert dozou dass en all Skrupel verléiert. De Sonnenberg ass duerch eng Krichsverletzung blann ginn a léisst seng Roserei doriwwer u senger Fra Elsi aus. An d'Frau Fliebusch kann einfach net gleewen, dass hiere Mann am éischte Weltkrich gefall ass.  Alleguer sinn se marginal am éischte Sënne vum Wuert, Menschen neben dem Leben. Hir Weeër kräizen sech am "Fröhlichen Waidmann" wou si hikommen fir e puer Stonne laang hiere Misär ze vergiessen. An do kënnt et zu enger Konfrontatioun tëscht dem Sonnenberg an dem Grissmann den en A op dem anere seng Fra geworf huet.
Dem Boschwitz seng Personnagen sinn net nëmme liewensecht gezeechent, mä si sti stellvertriedend fir all déi déi an enger onsécherer Zäit de Buedem ënnert de Féiss verluer hunn. Seng Erzielkonscht ass einfach phänomenal, vun enger Intensitéit déi een esou bal net vergësst. Wann déi al Frau Fliebusch jorelaang op hiere Mann waart, voller Hoffnung dass en elo wierkech all Moment misst ëm den Eck kommen, dat geet richteg ënnert d'Haut. A wann ee bedenkt, dass den Auteur dat mat grad emol 22 Joer geschriwwen huet, da fänkt een un ze verstoen, mat wéi engem groussen Talent een et hei ze dinn huet. 1937 huet en iwwregens och e puer Méint zu Lëtzebuerg verbruecht. Dozou de Samuel Hamen, den sech intensiv mam Liewen a Wierk vum Ulrich Boschwitz beschäftegt huet:
Wat hei zu Lëtzebuerg geschriwwe gouf, wann een den Archiven zu New York gleeft, ass e Manuskript mam Titel "The woolves" wou et ëm d'20er Joren zu Berlin geet. Dat Manuskript ass awer verluer gaangen, dat heescht, dat gëtt et leider net méi, villäicht op iergendengem Lëtzebuerger Späicher läit et, mä ech mengen d'Chancen sinn do zimlech geréng.

Ëmsou méi kann een sech doriwwer fréeën, dass op d'mannst 2 vu sénge Romaner erhale bloufen. Allebéid goufen se vum Editeur Peter Graf nei entdeckt a publizéiert. Schéin, dass dem Ulrich Boschwitz seng Wierker elo endlech och an der Originalversioun ze kréie sinn!

"Menschen neben dem Leben" vum Ulrich Alexander Boschwitz ass am Klett-Cotta Verlag erauskomm. 

Am November war den Editeur Peter Graf op Invitatioun vum Institut Pierre Werner zu Lëtzebuerg op Besuch, wou en sech mam Samuel Hamen iwwert d'Liewen an d'Wierk vum Ulrich Alexander Boschwitz ënnerhalen huet. Hei de Link op d'Säit vum Institut Pierre Werner: