De norwegesche Krimiauteur Jo Nesbo musse mer wahrscheinlech deene mannste Leit virstellen, genau sou wéineg wéi säin Haaptpersonnage, de charismatesche Kommissar Harry Hole. Mat "Messer" ass elo schonn den 12te Thriller aus der Serie erauskomm. E gudde Cru, mengt d'Manon Bercker.

07/01/2020 BvdW "Messer" vum Jo Nesbo

USO:
De norwegesche Krimiauteur Jo Nesbo (ausgeschwat Nesbö) musse mer warscheinlech deene mannste Leit virstellen, déi gäre liesen. Genee sou wéineg wéi säin Haaptpersonnage, de charismatesche Kommissar Harry Hole (ausgeschwat: Hule). Mat "Messer" ass elo schonn den 12te Thriller aus der Serie erauskomm. E gudde Cru, mengt d'Manon Bercker.

En ass erëm do, den Harry Hole, bis viru kuerzem deen erfollegräichsten Mord-Enquêteur vun der Police vun Oslo. Hien ass bekannt als brillant an onorthodox, berüchtegt als, soe mer mol, net ganz reegelkonform, mat enormer Wierkung op Fraen, an engem fatalen Hang zum Alkohol. Viru kuerzem hu seng Cheffen hie missen degradéieren, a seng Fra Rakel huet hie virun d'Dier gesat, béides net ouni Ursaach. An sou ass et och net verwonnerlech, wou mir hien untreffen: voll wéi dausend Mann, an engem vun deene wéinege Bistroen, aus deenen hien nach net erausgeflunn ass. An awer huet am Harry sengem beniwwelte Kapp, niewent dem Gedanken "wéi kréien ech d'Rakel nees zréck??", och nach dee genialen Ermëttler iwwerlieft. Mat bal fanateschem Drang, fokusséiert hien sech op d'Sich no engem héich geféierlechen Vergewalteger a Mäerder. Mä op kengem vun deenen zwee Chantiere kënnt hie weider.

An dann, enges Nuets, geschitt eppes Schreckleches. An den Harry weess weder, wou hien an deene Stonne war, nach wat hien gemaach huet, den totale Filmrëss. Gutt, dass hie Leit huet, déi zou him halen an him hëllefen, d'Stécker vun dësem komplizéierten a konfuse Puzzle zesummenzesetzen.
Lues a lues, an op villen Ëmweeër, fënnt den Harry eraus, wien do wat fir eng Roll gespillt huet, a wéi déi verwuerelt Fiedem zesummelafen.

E gewinnte Setting, präzis gezeechent an deels scho bekannte Personnagen, Oslo, dem Harry seng Stad: de Lieser ass direkt mattendran. Vun deenen éischte Sätz un, kréie mer dem Harry seng "Irrungen und Wirrungen" hautno mat, loossen eis mat him op intelligent konstruéiert falsch Piste lackelen, léiere Protagonisten vun enger ganz onerwaarter Säit kennen a bleiwe bis zum Schluss méi wéi gespaant op d'Opléisung. An, wéi ëmmer beim Nesbo, ass net nëmmen déi kriminalistesch Spur gutt duerchduecht an ausgebaut, och déi zwëschemënschlech Konflikter bréngen zousätzlechen, interessanten Gedankestoff.

D'Kritiken iwwer "Messer" si gedeelt, gi vun totaler Begeeschterung bis zu "naja, déjà vu". Mir huet dësen 12te Band gutt gefall, d'Spannung ass konstant héich, an d'Atmosphär huet mech méi gepaakt wéi bei deenen zwee Virgänger. Knapps 600 gutt geschriwwe Säiten - e Must fir all Harry-Hole-Fan, a fir déi, déi et nach vläicht wëlle ginn.

"Messer" vum Jo Nesbo ass op däitsch beim Verlag Ullstein erauskomm.