D’Kapitel 2019 ass definitiv ofgehakt an et ass Zäit en neit Buch opzeschloen, mam Titel 2020! An eiser Lecture vun heiheem kucke mer awer nach eng Kéier zeréck op déi lescht 12 Méint. D’Bea Kneip mam literaresche Réckbléck op 2019

01/01/2020 Lecture vun heiheem: E literaresche Réckbléck op 2019

2019 war dat Joer an dem d’Literatur zu Lëtzebuerg en neit Doheem krut. Den 1ten Oktober huet déi nei Nationalbibliothéik um Kierchbierg hir Diren opgemaach, a bei der Porte Ouverte e puer Deeg méi spéit war den Interessi riisegrouss. Dee modernen a frëndleche Kader lackelt och ëmmer méi Studenten fir do ze liesen an ze léieren. Natierlech ass d’Literatur och wiederhinn zu Miersch doheem. Den 3ten Abrëll hat de CNL zum Beispill op en Owend mat der Lëtzebuergerin Elise Schmit an dem däitschen Auteur Sasa Stanisic invitéiert. Dat schéngt hinne Gléck bruecht ze hunn, well allebéid goufen se am Laf vum Joer fir hir Aarbecht ausgezeechent. D’Elise Schmit krut de Prix Servais fir hiren Erzielband “Stürze aus unterschiedlichen Fallhöhen” an fir de Sasa Stanisic war et den däitsche Buchpräis fir säi Roman “Herkunft”. Wa mer scho bei de Präisser sinn, fir de Literaturnobelpräis gouf et 2019 e Comeback, an dat direkt duebel. Réckwierkend fir 2018 gouf déi polnesch Schrëftstellerin Olga Tokarczuk ausgezeechent a fir 2019 goung de Präis un de Peter Handke, e Choix den de Sasa Stanisic a sénger Ried beim däitsche Buchpräis nawell schaarf kritiséiert huet.

Op der Frankfurter Buchmesse gouf et och dëst Joer nees e Lëtzebuerger Stand. Mat engem grousse Beräich fir Liesungen an Evenementer, enger gemittlecher Liesstiffchen an net ze lescht enger kompetenter Equipe gouf et verdengtent Luef fir eise Stand zu Frankfurt.

A knapps doheem gouf et schonn nees eppes ze feieren: 25 Joer Walfer Bicherdeeg! Illustren Invité war keen aneren wéi den Daniel Kehlmann, eng memorabel Liesung, wann een sech vun dem renomméierte Schrëftsteller och e bësse méi Interaktivitéit gewënscht hätt.

De Lëtzebuerger Buchpräis, goung an der Kategorie Literatur un den Tom Reisen fir seng Kuerzgeschichtesammlung “Les Bulles”. Nieft de Laureaten an deene verschiddene Kategorien gouf den Owend awer nach ee gefeiert: De Gollo Steffen, bekannt als Museker, Auteur an Editeur iwwergëtt d’Editiounshaus “Op der Lay” un déi nächst Generatioun.

Eng aner Nouvelle aus der Verlagswelt war déi dass d’éditions Saint Paul op den éischte Januar 2020 vun den éditions Schortgen iwwerholl ginn. 

Ugangs Dezember ginn traditiounsgeméiss nach eng Kéier Präisser verdeelt an zwar déi vum Concours Littéraire, den dëst Joer de Roman als Thema hat. D'Laureaten waren de Samuel Hamen, d’Olivia Katrandjian, d’ Anja di Bartolomeo an, bei de jonken Auteuren, den Antoine Pohu. Interessanterweis goufen domat Wierker a 4  verschiddene Sproochen ausgezeechent. 
Dass déi englesch Sprooch an der Lëtzebuerger Literatur ëmmer méi wichteg gëtt, ass en Trend den sech scho laang oofzeechent. Eng Chance méi fir Bicher made in Luxembourg och am Ausland méi bekannt ze maachen, a genee dat géif een sech fir 2020 jo wënschen!