''P.S. ich liebe Dich'' ass e Buch, dat villen dierft bekannt sinn. 2004 gouf et publizéiert, war weltwäit op de Bestsellerlëschten a gouf 3 Joer drop verfilmt. Ma elo endlech gëtt et eng Fortsetzung mat eisem Buch vun der Woch mam Titel „Postscript“ vun der Schrëftstellerin Cecelia Ahern. D'Tiffany Saska weess méi.

11/02/2020 Buch vun der Woch Postscript

Ech muss zouginn, ech hun "P.S. Ich liebe Dich" net gelies. De Film hunn ech och net gesinn. Ma an awer weess ech ëm wat et am éischten Deel geet. An fir all déi, déi sech elo froen ob een den éischte Roman ëm déi sympathesch Figur Holly muss gelies hunn, fir „Postscript“ ze verstoen? Nee muss een net. D'Buch gräift villes nämlech nees op.

D'Holly ass eng jonk Fra, déi scho vum Liewe gezeechent ass. Mat mol nach net 30 Joer, ass hat schonns Witfra. Säi Mann Gerry ass no schwéierer Krankheet fréi verstuerwen. Ma hien huet senger Fra eppes ganz Spezielles hannerlooss. Vun him geschriwwe Bréiwer sollen dem Holly nees zréck an d´Liewen hëllefen. Kuerz nom Gerry sengem Doud fënnt hatt den éischte Bréif, an et kommen der nach vill no. Et sinn dës Zeilen, déi him hëllefen iwwert den Doud vum Gerry ewech ze kommen. Esou vill zum éischte Buch.

''Postscript'' setzt da 7 Joer dono un. D'Holly ass an enger neier Bezéiung, huet geléiert mam Verloscht ze liewen an huet dës schwéier Zäit hannert sech gelooss. Mee da freet seng Schwëster et enges Daags am Kader vun engem Podcast iwwert déi eenzegaarteg Bréiwer, déi him hannerlooss goufen, ze erzielen. Hatt léisst sech no laangem Iwwerrieden drop an, ouni sech iwwert Konsequenze bewosst ze sinn.

Ënnert den Nolauschterer ass nämlech och eng eeler a krank Fra, déi esou faszinéiert ass vun der Iddi datt si mat weidere Kranken e Veräi grënnt mam Numm ''P.S. Ich liebe Dich Club'' a si wëllen datt d´Holly hinnen hëlleft hir Bréiwer fir hir Familljen ze schreiwen. D'Holly, dat fäert nees an d´Vergaangenheet zréck geschleidert ze ginn, weess net wat maachen an deet sech immens schwéier mat der Decisioun….

Nom groussen Erfolleg vum éischte Buch waren d'Erwaardunge sécher ganz héich un d'Fortsetzung. Mee ech muss soen, datt mir d'Buch ganz gutt gefall huet. Fir déi eng ass et sécher eng Schnulz, ech muss awer soen, datt mech d'Buch immens beréiert huet. Et gëtt haaptsächlech aus der Perspektiv vum Holly erzielt, wat et dem Lieser erméiglecht sech an hatt eranzeversetzen. Et fillt ee mat him, mierkt genee datt hatt am Zwiespalt ass tëscht sengem eegene Fridden an dem grousse Wonsch dëse Mënschen ze hëllefen.

Verschidde Figure kommen sou wäit ech dat soe kann erëm a gi weider ausgebaut. Et koumen awer och ganz nei Charakteren dobäi. Et ass dat jonkt Ginika, dat u Kriibs erkrankt ass, wat mech besonnesch beréiert huet. Hatt huet e klengt Kand, datt et am Fall wou, zréckléist an huet et am Liewen duerch eng Lies- a Schreifschwächt souwisou schonn immens schwéier. Déi aner Charaktere ware mir net alleguer sympathesch, mee dëst ass fir jiddereen anescht. D'Bezéiung zum aktuelle Frënd Gabriel gëtt fir mech leider ze wéineg beschriwwen an do geet Potential verluer, well déi Bezéiung och ganz spannend gewiescht wier auszebauen.

 
D'Buch ass einfach ze liesen, ass lieweg geschriwwen an ech hunn mech all Kéiers gefreet wann ech et nees konnt opschloen. Ech war gespaant wéi sech d'Holly géif entscheeden, wat ech elo hei natierlech net verroden, an ech hu mat him matgefillt. D'Thematik ass eng immens eescht an vu engem gewëssenen Alter un, huet scho jidderee seng Erfarunge mam Doud an deem domadder verbonnenen Äddisoe gemaach.

An och wann dat am Buch omnipresent ass, esou weist et awer och de Wäert vun tëschemënschleche Bezéiungen an dee vun e puer wéinege Wierder, déi engem Mënsch immens vill kënne bedeiten.

Ob d'Buch engem elo zouseet, hänkt denken ech haaptsächlech dovunner of, wat ee sech erwaart. Am Endeffekt ass a bleift et en liichtverdauleche Roman, deen nëmmen un der Uewerfläch kraazt an awer hunn ech puer flott Stonne mat ''Postscript'' dem neie Buch vum Cecelia Ahern verbruecht.