D‘Fro -Wat kann dann elo nach alles kommen? -déi stellt wuel jiddereen sech ab engem gewëssen Alter. Och d’Protagonistin Judith, aus der Ildikó von Kürthy hirem neie Roman “Es wird Zeit” fënnt leider keng Äntwert mat där se zefridden ass. Mat vill Humor an Empathie gléckt et der Schrëftstellerin och an traurege Momenter e bëssen Trouscht ze vermëttelen. E Buch, dat vläicht besonnesch elo gutt an d’Zäit passt. D’Michèle Schons huet et gelies.

24032020 Buch vun der Woch - Ildiko von Kuerthy - Es wird Zeit

Wéi dacks wënscht ee sech, dass villes anescht wär, mee et mécht awer keen eppes dofir, dass et sech och verännert? Et hätt ee gär eppes Neies, mee et bleift ee beim alen. Esou geet et och dem Judith, wat eis seng ganz perséinlech Geschicht erzielt: D’Judith muss nom Doud vun hirer Mamm nees zeréck an hir Heemecht reese fir do déi néideg Formalitéiten ze klären, an hir Mamm ze begruewen. Do waart awer net nëmmen d’Urne, mee och den Heiko, hir Tagebicher, an hir schwéierkrank bescht Frëndin. Chaos an Duerchernee si virprogramméiert. D’Autorin stellt déi richteg Froen: wat hunn ech a mengem Liewen erreecht awer virun allem - muss ech ëmmer alles erreechen, oder ass och eppes wat Onerreechbar ass, mol ganz schéin? 

Meine Schrift hat sich kaum verändert, es ist die Schönschrift eines braven Mädchens, das sich nur bei einigen Großbuchstaben manchmal traut, über die Stränge zu schlagen und ausufernd über die Linien hinwegzuschreiben. Ich halte mich gern an Vorgaben, an Rechenkästchen, Kochrezepte, Noten und Verkehrsregeln. Schon seit jeher wusste ich nichts mit Blanko-Heften und Autobahnstrecken ohne Geschwindigkeitsbegrenzung anzufangen.

Nur beim Schreiben habe ich mich – auch wenn ich michstets zwischen den Linien bewegt habe – frei und gleichzeitig sicher gefühlt, mutig und wie eine bessere Version meiner selbst.

Ich blättere vor bis zum letzten Eintrag, vom Sonntag, den 22. August 1999. Das war mein Abschied gewesen von dem Leben, so wie ich es kannte, und auch von dem Leben, wie ich es mir erträumt hatte.

''Es wird Zeit'' ass e wonnerschéine witzegen an och sentimentale Roman, mat engem klore Message: Kuck net zeréck, mee kuck no vir, lief de Moment, lief wéi wann all Dag däi leschte wier. Et ass e Buch iwwert d’Alginn, awer och iwwert den neien Ufank, Léift, Frëndschaft, Hoffnung a Verzweiwlung. A sécherlech och e Buch wat nowierkt, well een et mat zwee Aen ophält, engem dat laacht an engem dat kräischt.

Och wann der Ildikó von Kürthy hiren Humor meeschtens méi iwwerflächlech Klischeeën zerwéiert huet, meeschtens eng liicht Lektür, déi ee schmunzele gedoen huet, beréiert een deen heite Roman op eng méi déif Manéier.