Nieft Léieren, Tëlee, Computer an Handy kucken an och mol trëppele goen, kéint een natierlech och seng Nues mol an e Buch stiechen. Fir eis kleng Nolauschterer wier dat elo deen Ament fir d'Bicherwelt nees nei ze entdecken. 2 Bicher hu mir direkt fir Iech mat derbäi an deene mir ganz léiwen a sympathesche Personnage begéinen: enger Pissblumm an enger Maus. D’Bea Kneip stellt Iech d’Pisslitti an d‘Minimaus vir.

05/12/2015 Kleeschen: 2 Kannerbicher: "Pisslitti" a "Minimaus"

„D’Pisslitti“ vun der Romy Braun-Baustert a Lynn Origer ass bei den Editions Friederich-Schmit erauskomm, „D‘ Minimaus“  vun der Dany Gales bei SNE Editions. Bestëmmt hunn der vun Iech dës Bicher doheem a krute vläicht Loscht déi mol nees ze liesen. Sollt Dir d'Bicher awer net hunn, da kuckt mol bei