"Reden ist Silber, schweigen ist Gold". Dat aalt a bekannt Spréchwuert, gëtt am Roman "Hör mir zu, auch wenn ich schweige" vun der Abbie Greaves emol indirekt méi genee ënnert d'Lupp geholl. D'Marie Gales huet et fir eis gelies a sech e puer Gedanken dozou gemaach.

21042020 Buch vun der Woch Hoer mir zu auch wenn ich schweige

Et si 6 Méint hier, dass de Frank mat senger Fra dem Maggie geschwat huet. An dat obwuel se zesummen an engem Haus liewen, zesummen iessen, an an engem Bett schlofen. Firwat, weess d'Maggie net. De Frank huet dës Decisioun eleng geholl a senger Fra net verrode wat de Grond fir dëst Behuelen ass.

Eng Situatioun, déi schwéier z'erdroen ass, an d'Maggie zum Handele bréngt. En Handelen aus Verzweiwlung, bei deem net nëmmen hir Léift, mee och Liewen an Dout um Spill stinn. An awer huet d'Maggie et esou fäerdeg bruecht, de Frank dozou ze bréngen nees mat him ze schwätzen. An de Lieser gëtt matgeholl an eng Geschicht, bei der et sécher ganz vill ëm Léift geet an ëm Partnerschaft. Ma awer nach esou villes méi: Freed, Trauer, psychesch Belaaschtungen, Famill, Hoffnung; eigentlech alles wat e Liewen ausmécht. A besonnesch e Liewen zu zwee.

D'Abbie Greaves schwätzt a hirem éischte Roman villäicht elo net vun enger soe mer epescher Léift. An och net vu besonnesch exzeptionelle Personnagen. Et sinn einfach Persounen, leit, déi mer an eisem Liewen kennen an déi a Situatioune geroden, déi mer villäicht och scho selwer erlieft hunn. Mee genee dëst Bild, dat am Roman "Hör mir zu, auch wenn ich schweige" gezeechent gëtt, mécht et esou schwéier, d'Buch op d'Säit ze leeën.

D'Buch hëlt ee mat an d'Gedankewelte vu frieme Persounen, déi engem iergendwéi net wierklech friem sinn. An déi sech mat Situatioune konfrontéiert gesinn, déi awer nees aussergewéinlech Säiten hunn. Et ass eng schmuel Gradwanderung, déi d'Abbie Greaves do fäerdeg bruecht huet. Bis zum leschte Saz ass näischt kloer, näischt gewëss. Ebe sou wéi mer och an eisem Liewen ni wësse wat als nächst kënnt. Mee mat engem wichtege Message: Mir solle besser ni waarde bis et ze spéit kéint sinn. Well net ausgeschwate Wierder doen am meeschte wéi.