D'Amber sengt op engem Concert géint seng Péng. De Quentin leeft Kilometer fir Kilometer fir seng Erënnerung ze läschen an d'Kristianne erzielt gären déi richteg Geschicht iwwert hire Bouf. Déi Momenter an och déi vun nach 5 anere Mënschen iwwerkräizen sech mam Evenement, wéi de Mattias onerwaart stierft. Wéi e Puzzle lafen hir Geschichten aneneen a formen sech zu engem Gesamtbild vum Mattias. Si ginn trotz der Trauer zu Zeie vu sengem onermiddleche Courage säi Liewen Dag fir Dag ze genéissen. "Nach Mattias" heescht deen neie Roman vum Peter Zantingh an d'Michèle Schons huet e gelies.

19052020 Buch vun der Woch Peter Zantingh - Nach Mattias

Et gi Froen am Liewen op déi gëtt et keng Äntfert. Firwat ass Eppes geschitt, firwat huet et grad deen erwëscht oder wéi soll et elo weidergoen? Ganz onerwaart gëtt de Mattias, mëtt 30, deen hei am Mëttelpunkt vum hollänneschen Auteur sengem Roman steet, aus sengem Liewe gerappt. Watfereen Afloss dass dat Evenement op säin Ëmfeld hat a watfereng Maschinerie do an d'Gäng kënnt, kréie mer Stéck fir Stéck zerwéiert. Den Auteur réckelt dobäi den Doud, deen en zentraalt Thema ass an den Hannergrond an hieft vill méi d'Liewe vun deene Mënschen déi de Mattias méi oder manner gutt kannt huet an d'Liicht.8 Mënschen gi ganz empathesch portraitéiert, a mir gi gewuer wéi si mat Trauer a Péng ëmginn an um Enn hu mer e komplette Puzzle vum Mann.

Beim Saubermachen stieß ich ein Buch, in dem er gelesen hatte, von der Fensterbank. Auf dem Fußboden fiel das Lesezeichen heraus. Darüber habe ich eine Stunde lang geheult. Weil ich nun nicht mehr wusste, auf welcher Seite er gewesen war.

Im Bett horchte ich auf den leckenden Heizkörper, wie das Wasser in den Behälter tropfte, den ich daruntergestellt hatte.
Sara kam vorbei, wir ließen uns was zu essen bringen und guckten uns mit hochgezogenen Knien Filme an, die sie vorab sorgfältig gescreent hatte.
Regelmäßig ließ ich seine Mutter herein, wenn sie im Regen vor der Tür stand. Wir redeten über Mattias. Sie erzählte von der Freiwilligenarbeit, mit der sie angefangen hatte, und gebrauchte Wörter wie Trost und Befriedigung, Wörter aus Selbsthilfebüchern, Wörter, die, wenn sie ganz aufrichtig gemeint sein müssten, selten bedeuten, was sie bedeuten sollten.

Do hu mer d'Amber, dem Mattias seng Partnerin, déi am léifsten a Rou trauert, och wann et mat allem ronderëm un de Mattias erënnert gëtt, de Quentin, säi beschte Kolleeg, oder d'Kristianne seng Bomi. Anerer wéi de blanne Chris hunn e guer net kannt, oder nëmme virtuell wéi den Issam, an awer huet de Mattias hiert Liewe beaflosst. Déi kleng Geschichte liesen sech um Ufank zwar e bëssen zéi, an awer sinn se op hir Manéier léif an déi vill Alldeeglechkeete maachen se esou schéin. D'Erënnerungen déi déi eenzel Personnagen opliewe loosse, maachen de Verstuerwenen erëm lieweg, opmannst emol fir de Lieser. Jiddereen huet en anert Bild, oder besser genee dat Bild wat de Mattias deemjeenege géigeniwwer präissginn huet. Am Fong e bëssen esou wéi de Bléck an déi, grouss an onbedeckte Fënstere vun den typesch hollänneschen Häiser, wou een e klengen Deel vun de Mënschen hirem Liewe gesäit, stomm an diskret. Och wann et e Buch iwwer Trauer a Verloscht ass, schenkt et engem trotzdem Courage.

Wat och ganz schéin ass, ass dass um Enn vum Buch eng Playlist ze fannen ass, déi net nëmmen den Auteur wärend senger Zäit, wou en de Roman geschriwwen huet begleet huet, ma d'Lidder spillen och eng Roll bei deene verschiddene Personnagen am Buch.

An den Interview mam Peter Zantingh deen zum Schluss drasteet ass och ganz interessant ze liesen.