De Wolfgang Schorlau huet am däitschsproochege Raum scho mat sengen néng « Dengler »-Krimien e gewëssen Intressi ervirgeruff. Elo huet en sech mam Schauspiller an Dréibuchauteur mat sizilianeschen Originen Claudio Caiolo zesummegedinn fir en neie Kommissär an d’Liewen ze ruffen. An deen ermëttelt ausgerechent zu Venedeg. Do stellt sech d'Fro: ob si domat grad esouvill Succès hunn wéi eng aner Auteurin, déi mer scho laang kennen.

26/05/2020 Buch vun der Woch: "Der freie Hund"

E Commissario, deen zu Venedeg op Verbriecherjuegd geet, eng Sekretärin, déi hie bewonnert an alles fir hie mécht an e Vice-Questore, deen net ëmmer op senger Säit ass. Dat ass dach bestëmmt… Wien elo mengt, e wier am neie Roman vum Donna Leon gelant, deen huet sech geiiert, well : Move over, Brunetti, there’s a new Commissario in town ! An deen heescht Antonio Morello a kënnt vun Cefalù a Sizilien.

Do huet hien 45 Mafiosoën hanner Gitter bruecht ouni onbedéngt no de Policereegelen ze kucken a sech dofir de Spëtznumm « De fräien Hond » verdéngt. Mä doropshin huet d’Verbriecherorganisatioun probéiert, hien aus dem Wee ze raumen an dobäi seng Frëndin an hiert ongebuerent Kand ëmbruecht. Fir hien aus der Schosslinn vun der Mafia ze huele, gouf de Morello dunn an d’Serenissima versat, an der Hoffnung, datt him do näischt kéint passéieren, well d’Mafia, engem ongeschriwwene Gesetz no, ausserhalb vu Sizilien keen ëmbréngt.

Mä knapps ass hien do, mécht hien sech scho bei sengem Chef onbeléift, well en engem klengen Täschendéif d’Handwierk leet, eppes wat engem Kommissär vun der Mordkommissioun net zousteet. An dann trëppelt hie mat zwee Féiss an de Plättel wéi hie probéiert, de Mord um Francesco Grittieri opzeklären, deem eenzege Bouf vun enger vun deenen eelsten a räichste Famillje vu Venedeg. Deen huet an enger Studentenorganisatioun géint déi grouss Croisièresschëffer militéiert, déi senger Meenung no déi op hëlze Péil gebaute Stad zerstéieren. Bei senge Recherchen stéisst de Commissario Morello op dem Francesco seng Stéifmamm, där grouss Deeler vun de Firme gehéieren, déi mat de Croisièriste Geschäfter maachen. Wéi en do wëll weiderbueren, kritt en ausgerechent vu sengem ieweschte Chef, dem Questore Perloni, Steng an de Wee geluecht. An dofir stellt hien sech d’Fro : ass d’Mafia hannert deem Ganzen oder sinn do ganz aner Intressien am Spill…

Mam Commissario Morello hunn de Wolfgang Schorlau an de Claudio Caiolo e Personnage geschaf, deen net nëmme keng bëlleg Kopie vum beschtbekannte Commissario Brunetti ass, mee eng intressant Perséinlechkeet, déi hir eege Weeër geet, wann et drëm geet, de Verbriecher d’Handwierk ze leeën. Mat him si mer direkt in medias res, d’Handlung kënnt séier virun an d’Thema vum Buch, déi lues a lues Zerstéierung vun
enger joerdausendaler Kulturpärel duerch den hemmungslose Konsum- a Croisièrestourismus, kéint méi aktuell net sinn. Et dierf ee gespaant sinn op dem Morello seng weider Aventuren!

« Der freie Hund » ass als Täschebuch bei Kiepenheuer & Witsch erauskomm.