Mat sengem Roman "Et après" ass dem Guillaume Musso 2004 dee groussen Duerchbroch gelongen, an zënterhier liwwert en ee Bestseller nom aneren of. Ob him dat mat sengem neiste Wierk  "La vie est un roman" och nees gelénge wäert, der Fro ass d'Bea Kneip nogaangen.  

30/06/2020 Buch vun der Woch: "La vie est un roman" vum Guillaume Musso

Am Fong kann en neie Musso nëmmen e Bestseller ginn, well seng trei Lieser op der ganzer Welt loossen sech dat sécher net entgoen. Iwwerdeems sinn d'Erwaardungen natierlech och héich a ganz spezifesch. Nëmmen näischt un dem bewäerte Schema änneren, oder dach? Mat "La vie est un roman" kënnt de Musso net bei all senge Fans gutt un. D'Intrige, ze vill komplizéiert, onduerchsichteg, an net credibel, sou kann een a ville Commentaire liesen. Dobäi kléngt de Klappentext duerchaus villverspriechend. Dat klengt Carrie verschwënnt aus dem Appartement vu senger Mamm, der Schrëftstellerin Flora Conway. Eng Saach vun der Onméiglechkeet: déi zwee ware grad amgaang Stoppches ze spillen, d'Mamm huet bis 20 gezielt, a wéi se d'Aen nees opgemaach huet, war d'Carrie net méi opzefannen. Fënsteren an Diere waren zou, och op der Iwwerwaachungskamera vum New Yorker Appartementshaus ass näischt ze gesinn. Mä, sou gi mer weider am Klappentext gewuer, e Schrëftsteller op der anerer Säit vum Atlantik huet de Schlëssel mat deem sech dëst Geheimnis opkläre léisst...
Nëmme just, am weidere Verlaf gëtt d'Affaire ëmmer méi mysteriéis. an ëmmer wann ee mengt, et wéisst een elo wat gespillt gëtt, kënnt nees en neien Ament dobäi deen alles op d'Kopp dréint. Wat ass mam Carrie geschitt, firwat ass seng Mamm esou medieschei a wat huet de franséische Bestellerauteur Romain Ozorski domat ze dinn? Wie kontrolléiert wien an hu si allebéid net scho laang d'Kontroll verluer? Wéi eng Roll spillt d'Fantine, dem Flora seng Editrice? D'Liewen ass e Roman, an e Roman ass d'Liewen. D'Grenzen tëscht Fakt a Fiktioun verschwammen a féieren de Lieser ëmmer méi déif an e Labyrinth vun deem villäicht souguer den Auteur selwer kee präzise Plang huet. Et ass e Buch op dat een sech muss aloossen ouni all Detail wëllen erklärt ze kréien. E Buch iwwert d'Schreiwen, iwwert d'Bezéiung vun engem Schrëftsteller zu senge Personnagen an iwwert d'Muecht vun enger Geschicht. "Tel un magicien" déi lescht 3 Wierder am Buch kéinten am Fong op all Schrëftsteller zoutreffen. 

"La vie est un roman" vum Guillaume Musso ass bei Calmann Levy erauskomm.