Et ass Summervakanz an do hunn der vill och nees méi Zäit, e gutt Buch ze liesen. Wien nach op der Sich ass no der richteger Lektür, fënnt bei eis um Site puer Recommandatiounen. Dës Woch presentéiere mir Iech e Buch vum Anne Stern. Fräulein Gold. Schatten und Licht. An Tiffany Saska huet d´Buch schonns fir eis gelies.

28/07/2020 Buch vun der Woch: Fräulein Gold. Schatten und Licht vum Anne Stern

Berlin an den 1920er Joren. Dat versprécht Glamour, Prunk an eng faszinant Zäit. Mee Berlin war wéi haut och, deemools scho gepräägt vu gesellschaftlechen Ënnerscheeder. Mam Buch „Fräulein Gold. Schatten und Licht“ dauche mir an, an en Quartier voller Aarmut vu Berlin, wou et ëm näischt aneres geet, wéi ze Iwwerliewen.

D'Rita ass eng jonk ambitionéiert Fra, déi an enger renomméierter Ariichtung fir haaptsächlech psychesch krank Leit schafft. Hatt huet Famill, e Mann, e Kand an am Fong e gutt Liewen. Behandlung vu Krichsveteranen huet awer säi Präis an e ganz trauregen a brutalen Virfall lenkt säi Liewen an eng komplett aner Richtung. D´Buch fänkt dann och un, dass d'Rita als alkoholofhängeg Prostituéiert ermort an engem Kanal fonnt gëtt.
De Kommissär Karl North, deen dëse Fall opkläre soll, huet awer ganz staark Schwieregkeete well seng eege Vergaangenheet him dobäi am Wee steet. Déi eigentlech Haaptfigur ass awer eng jonk Hiewan. D'Hulda këmmert sech immens intensiv ëm hir Patientinnen a stellt säin eegent Liewe wäit no hannen. Wéi hat zoufälleg vum Dout vum Rita héiert, schalt hat sech direkt an, a wëll och do hëllefe wou et kann, mee dat net ouni Konsequenzen.
''Fräulein Gold. Schatten und Licht.'' ass zum Deel en Krimi, eng Geschicht ronderëm d'Léift, awer virun allem beschreift et ganz gutt d'Liewen zu Berlin an den 1920er Joren. Et kann een an dës Zäit andauchen, a verstoen datt deemools villes anescht war an awer och iergendwéi net. Déi gréisste Stäerkt vum Buch sinn awer ouni Zweiwel déi ënnerschiddlech Protagonisten. D´Hulda Gold ass eng emanzipéiert Fra, déi voller Energie duerch d'Liewe geet. Si ass awer och onsécher, wëll mam Kapp duerch d´Mauer an ass u sech op der Sich no sech selwer an hire Wënsch.

De Karl North ass ee vum Liewe gezeechente rouege Mënsch, deen am Kontrast zum Hulda steet. Mee och weider Personnage beräicheren d'Buch enorm. Doriwwer eraus ginn och Themen ugeschwat, déi ech a mengem Choix vun de Bicher net sou oft liesen. An och de Schreifstil de mécht, datt d´Geschicht sech flësseg liese léist, an déi flott Beschreiwungen hu mir gutt gefall. Aus dëse Grënn hunn ech d'Buch ganz gäre gelies a war och séier doduerch. En klenge Kritikpunkt gëtt et awer och. Déi staark Charakteren an hir tëschemënschlech Interaktioune sinn heiansdo e bëssen ze dominant a loossen déi eigentlech Geschicht an den Hannergrond réckelen, mee wéi gesot ass et och net an éischter Linn e Krimi, mee e Buch wat op d'Protagonisten opbaut.

No dësem éischte Buch ronderëm d´Hulda Gold plangt d´Anne Stern, déi iwwregens selwer vu Berlin ass an do lieft, nach zwee weider Bicher ronderëm d'Hiewan. „Scheunenkinder“ a „Der Himmel über der Stadt“ hale weider Mordfäll fir d'Hobbydetektivin bereet. Ech waarden also gespaant op déi zwee Romaner, déi am Hierscht  vun dësem Joer an am Fréijoer nächst Joer solle publizéiert ginn.