An deene leschte Joren ass et an der Literatur ëmmer mi heefeg datt historesch Evenementer an hir Auswierkungen thematiséiert ginn. Ma och an eisem Buch vun der Woch ass dëst de Fall. „Was Nina wusste“ ass en Familljendrama den nom éischte Weltkrich usetzt a weist, wéi ganz Generatiounen dorënner bis haut leiden. D'Tiffany Saska huet et gelies.

15/09/2020 Buch vun der Woch "Was Nina wusste" vum David Grossmann

D´Vera, d´Nina an d´Gili si Groussmamm, Duechter an Enkelin. Si sti symbolesch fir dräi Generatiounen an enger Famill, déi gelidden hunn op Grond vu politesche Mëssstänn. Der Vera hire Mann, de Milos, en Offizéier am Déngscht vum Kommunismus, gëtt inhaftéiert a mécht Suizid. D´Vera huet de Choix suergefräi mat der Pensioun vun hirem Mann  weiderzeliewen, mee de Präis dofir ass hir ze héich. Si misst mat allem briechen, woufir de Milos stoung a sech agesat huet - Héichverrot. Di nächst Jore verbréngt si dofir op Goli Otok, der Insel, wou den Tito-Regime seng politesch Géigner hi verfracht.

Joren dono feiert Vera hiren 90ten Gebuertsdag an Israel. De Kontakt zur Famill ass schwiereg, virun allem zu hirem Meedchen Nina. Mee och d´Nina huet eng schwéier Relatioun zu hirem Kand, dem Gili, der Erzielerin vum Buch. Déi ass Realisatrice a fest decidéiert hir eege Geschicht an engem Film festzehalen. An zwar do, wou de Mystère säi Laf geholl huet; zu Goli Otok. Stéck fir Stéck ginn do di lescht 50 Joer am Krees vun der ganzer Famill opgeschafft.

Den israeleschen Auteur David Grossmann huet 1988 säin éischte Roman publizéiert an zënter hir iwwer 20 Bicher geschriwwen. Bicher an deenen hien de kulturellen Austausch ëmmer nees uschwätzt a beispillsweis sech ganz besonnesch fir den israelesch - palästinenseschen Dialog asetzt. Hie mécht awer och drop opmierksam, wat fir Auswierkungen Tragedien an der Vergaangenheet bis haut mat sech bréngen.

„Was Nina wusste“ ass zum engen eng Geschicht ronderëm d´Léift, déi immens fatal Konsequenzen huet. Dat setzt hien an de Kontext vun der Zäitgeschicht mat dem Holocaust an dem Tito-Regime. An zu gudder Lescht ass et eng Familljegeschicht oder besser en Drama, dee Joerzéngte brauch, fir sech iergendwéi ze léisen. Et dierft kee wonneren, datt déi vill Themen net ganz einfach ze verdaue sinn. Di vill Zäitspréng an d´Absence vu Kapitele maachen d´Liesen zousätzlech schwiereg an ech hunn no 50 Säiten nach eemol vu vir ugefaange, mee et huet sech gelount. E staarkt Buch mat staarke Protagonisten an enger ganz sensibeler Approche vum Auteur.

„Was Nina wusste" vum David Grossmann koum an der däitscher Iwwersetzung beim Hanser Verlag eraus.