No der "68er" Beweegung an der "MeToo" Debatt schéngt elo endlech och an der Literatur d'Thema Emanzipatioun ukomm ze sinn. D'Zuel u Bicher déi staark a selbstbewosst Frae portraitéiert, huet sech dat lescht Joer gefillt verzéngfacht. D'Auteuren entwéckelen eege Protagonisten, picken sech awer och net seelen historesch Figuren aus der Geschicht eraus oder beschreiwe Fraen där hiert Liewen an hir Aarbecht an de Vergiess gerode sinn. Am Floss vun den emanzipéierte Fraegeschichte fanne mer och "Das Buch Ana" vum Sue Monk Kidd, wat hei net ënner geet, ma besonnesch erausstécht, Michèle Schons? 

22092020 Buch vun der Woch - Sue Monk Kidd - Das Buch Ana

D'Ana wiisst zesumme mat hirem Brudder Judas, hiren Elteren an hirer Tatta an enger räicher jiddescher Famill op. Hire Papp ass den ieweschte Beroder vum Herodes Antipas. Wärend de Judas géint d'Réimer hetzt, interesséiert d'Ana sech fir d'Schreiwen, eppes wat eigentlech just de Männer an där Zäit virbehalen ass. Si fänkt heemlech u Geschichten ze schreiwen, iwwert laang vergiesse Fraen, déi an hirem Liewe vill Leed erlieft hunn a wënscht sech näischt méi, wéi dass hir Schrëften enges Daags vun anere gelies ginn. Mee dann, wou se grad mol 14 Joer al ass, soll se mat engem ale Wittmann bestuet ginn. Wéi se deem op engem Maart virgefouert soll ginn, léiert se en anere Mann kennen, e Mann, mat deem se hir Wäitsiicht an hir spirituell Passioun deele kann, de Jesus vun Nazareth.

D'Sue Monk Kidd ass mat hirem Roman »Die Bienenhüterin« vum Geheimtipp zum Bestseller avancéiert, hiert Buch gouf an den USA iwwer 6 Millioune mol verkaf an an 36 Sproochen iwwersat. Och hir emouvant Geschichte wéi »Die Meerfrau« oder »Die Erfindung der Flügel« hu Millioune Lieser begeeschtert. »Das Buch Ana« ass der amerikanescher Autorin hire véierte Roman deen et an d'Bestsellerlëscht gepackt huet a vun der Presse begeeschtert opgeholl ginn ass.

Dat wat mir virum Liesen eigentlech am meeschte Suerge gemaach huet, mécht d'Sue Monk Kidd net zum Thema vun hirer Geschicht, nämlech de chrëschtleche Glawen. Au Contraire, si gëtt mat hirem bal perfekten inzenéieren historesche Roman, enger ganz besonnescher jonker Fra déi zwar fiktiv ass, an awer esou existéiert kéint hunn, eng Stëmm an eng Plaz an dëser Welt. Fir iwwerhaapt dem Jesus eng Fra op d'Säit ze stellen beweist grousse Courage an Talent fir der Geschicht ouni Schwächte gerecht ze ginn. Och wann sech verschidde chrëschtlech Gemidder doriwwer opreege kéinte, geet et hei guer net ëm d'Entstoe vum Chrëschtentum, ma vill méi ëm d'Geschicht vun enger jonker Rebellin déi sech hier Plaz am Liewen haart erkämpfe muss. De Jesus gëtt plazeweis och ganz an den Hannergrond geréckelt, wat och gutt ass, well seng Geschicht kenne mer jo schonn. Fir d'Buch gären ze hunn, muss ee weder bibelfest nach reliéis sinn, ma et kann een sech einfach an d'Vergaangenheet eranzéie loossen. Donieft ass och d'Iddi, dass d'Ana grad dem Judas seng Schwëster ass, fir d'Buch nach eng ganz besonnesch Nout.