Viru 25 Joer hat de Bernhard Schlink den Duerchbroch mat sengem Roman „der Vorleser“ (2008 verfilmt mat e.a. dem Kate Winslet). Mat sengem neie Buch “Abschiedsfarben”, dat am Juli dëst Joer erauskoum, weist hien op en Neits, datt en zu deene wichtegsten däitschsproochege Schrëftsteller vun haut gehéiert. D’Julie Mathes mam Buch vun der Woch.

29/09/2020 Buch vun der Woch: Bernhard Schlink - Abschiedsfarben

Wann een e Buch no der Lecture zeréck an d‘Regal stellt a sech sécher ass, datt een et net fir d‘Läscht gelies huet, huet een d‘Gefill seng Zäit gutt genotzt an eppes mat op säi Wee geholl ze hunn!

Den däitschen Auteur a Jurist Bernhard Schlink bréngt et ëmmer nees fäerdeg duerch seng räich, geschlaffe Sprooch een ze fesselen an ze begeeschteren.

A sengem neie Buch „Abschiedsfarben“ bréngt hien et fäerdeg déi Emotiounen an eis wakereg ze ruffen, déi mer am léifsten ganz déif an eis roue loossen, well se eis ëmmer nees irritéieren an erausfuerderen; et geet em Léift, Vertrauen, Revanche an Zerstéierung, wéi den Titel et seet, em „Äddi soen“, lassloossen, ëm den „Abschied“.

An deenen 9 Kuerzgeschichten bréngt de Schlink et fäerdeg mat Spannung an Ofwiesslung de Lieser ëmmer nees mat sech selwer ze konfrontéieren, him souzesoen en „emotionelle Spigel“ duer ze halen. Verrot, Doud ,verlooss ginn oder Lassloossen vu sengem alen Ego. Spéitstens no der Lecture vun dëse klengen Erzielungen, weess ee wéi villschichteg den „Äddi“ ass a wéi haart seng Konsequenze kënne sinn. Eppes wat den „Abschied“ esou schwéier mécht ass d‘Schold, d‘Scholdgefill net alles gesot ze hunn, seng Feeler net riicht gebéit ze hunn, seng Feigheet net zouginn ze hunn, Ligen a Verrot, jee all déi Schwächten déi mer an eis droen, déi mer zum Deel och brauchen fir z‘iwwerliewen an déi eis awer ëmmer nees ze schafe maachen.

Am Schlink sengen 9 Geschichte geet et ëm Frëndschaft déi am DDR-System verrode gouf, ëm en eelere Mann den un der verwielter Léift zu senger fill méi jonker Fra festhält, ee Jong dee mat senger Mamm eleng an d‘Vakanz fiert a si mat ganz aneren Ae muss erliewe wéi gewinnt, eng aner Erzielung, déi freet ob eng verklemmte Jugendléift am spéidere Liewen ka wouer ginn oder eng Geschicht déi freet, wat mat deene geschitt, déi zeréck bleiwen wann ee fräiwëlleg Äddi gesot huet.

Net ëmmer liichte Kascht, ma éierlech Gefiller, déi engem um Enn ëmmer nees d‘ Méiglechkeet bidden mat sech selwer an d‘ Rengt ze kommen.

Mech huet d'Buch vun der éischter bis déi lëscht Säit begeeschtert. Et ass impressionnant ze spieren wéi de Bernhard Schlink et fäerdeg bréngt dech mat e puer Sätz mat där Wierklechkeet ze konfrontéieren, däers de am léifsten aus de Féiss géings goen. All eenzel Kuerzgeschicht leeft an eng aner Richtung, huet en anere Message a fënnt letztendlech awer nees zeréck bei d‘Leitmotiv vum Buch, den „Abschied“.

"Abschiedsfarben" vum Bernhard Schlink ass kee „page-turner“ an et wier schued déi 240 Säiten an engem Zoch duerchzeliesen. Et muss een all eenzel kleng Erzielung wierke loossen, hir Zäit ginn, … esou wéi all „Äddi“ seng Zäit brauch.