D’Linda Holmes war fréier Affekotin. Haut bréngt si Podcaste eraus, mécht Interviewen an d’lescht Joer ass hiert éischt Buch op de Marché komm: Evvie Drake starts over. Zënter Enn August gëtt et dëst Buch och op Däitsch mat dem Titel „Weil alles jetzt beginnt“. D’Sandra Mélan huet et gelies.

06/05/2020 Buch vun der Woch: Weil alles jetzt beginnt

D’Buch fänkt do un, wou d’Protagonistin Evvie Drake seng Saache péckt; hat wëll nach de selwechten Dag säi Mann verloossen. E bemol kritt hat awer d’Noriicht, datt säi Mann en Autosaccident hat. Hien huet net iwwerlieft. Fir d’Evvie war dat eng immens schwéier Zäit: net well d’Trauer em säi Mann esou grouss war. Hat wousst net wéi si sollt domat ëmgoen, datt jiddereen am Fong erwaart huet, datt hat em säi Mann, de bekannten Dr Tim Drake trauere géif. Hat awer hat e schlecht Gewëssen. D’Evvie wollt den Tim jo eigentlech verloossen a kee wousst Bescheed, datt den Tim guer net dee feinen, sympathesche Mënsch war, wéi hien sech no bausse ginn huet.
Och net dem Evvie säi beschte Frënd, den Andy. Deen huet e Kolleeg, deen sech aus der Ëffentlechkeet zréckzéie wëll. Hien ass oder war e Baseballstar, deen einfach vun haut op muer net méi schéisse konnt. Do ass dem Evvie säi grousst Haus an der klenger Uertschaft Calcasset um Mier, genee richteg. Tëschent dem Evvie an dem Dean entsteet lues a lues eng Frëndschaft. An och wann si ofgemaach hunn, datt d’Themen Bestietnis vum Evvie a Baseball vum Dean tëschent hinnen tabu solle sinn, geléngt hinnen dat awer net. Et kritt e mat wéi sech vill deet, zemools am Evvie sengem Liewen.

De Verlaf vum Roman ass schonn e bëssen viraus ze gesinn. Dat stéiert awer guer net. D’Autorin, Linda Holmes, versteet et, d’Schwéierpunkten enzwousch anescht ze leeën, wéi Frëndschaft, Léift, Neiufank oder fir un sech ze schaffen a sech sengen Ängschten ze stellen. Als Lieser erlieft een eng interessant Entwécklung vun der Protagonistin.

Dat spigelt sech och gutt an den Ënnerdeelungen vum Buch erëm: Hierscht, Wanter, Fréijoer a Summer. D’Buch „Weil alles jetzt beginnt“ ass flott geschriwwen. Niewent seriöen Themen sinn och witzeg Elementer dra verschafft. Déi eng oder aner Zeen hätt kéinte méi séier op de Punkt kommen. Alles an Allem huet den Debut vum Linda Holmes mir ganz gutt gefall.