Den Oliver Hilmes huet schonn e puer Bicher geschriwwen, mee mat sengem neiste Buch ass et säin éischte Krimi, deen e publizéiert. ''Das Verschwinden des Dr. Mühe'' huet eng ganz eegen Ästheetik an Erzielweis a konnt d'Tiffany Saska iwwerzeegen. Hatt huet d´Buch fir eis gelies.

27/10/2020 Buch vun der Woch: Das Verschwinden des Dr. Mühe

De jonken Dr. Mühe wunnt am bekannte Berliner Quartier Kreuzberg, ass bestuet an huet als Generalist eng Praxis, déi méi ewéi gutt leeft. Am Juni 1932 verschwënnt hien awer ganz plëtzlech an et schéngt, wéi wann hie keng eenzeg Spuer hannerlooss hätt. Säin Auto gëtt kuerz dono an der Géigend vun engem Séi fonnt, esou datt een dovun ausgeet, datt en erdronk ass. De Kommissär Ernst Keller hëlt sech der Saach un, gëtt dobäi vu sengem Assistent Schneider ënnerstëtzt an zesumme mierken si séier, datt eppes un der Saach faul ass.

Den Oliver Hilmes ass ënner anerem studéierten Historiker an huet scho méi interessant Biografië geschriwwen. Auszeechnunge krut en dunn fir säi Buch „Berlin 1936“ an dem en sech mat den Olympesche Spiller zu Berlin befaasst an dofir vill Zäit am Landesarchiv verbréngt. Bei der intensiver Recherche fir dëst Buch fält hien op en Cold Case aus der Zäit an entscheet dësen a sengem aktuelle Buch ze verschaffen. ''Das Verschwinden des Dr. Mühe'' berout also op enger reeller Geschicht, déi natierlech op der enger oder anerer Plaz mat e bësse Fiktioun ausgebaut gouf.

D'Buch gëtt praktesch protokollaresch a klenge Kapitelen erzielt an deenen ëmmer ee Protagonist am Mëttelpunkt vun der Enquête steet. Et kommen deemno vill Personnagen zu Wuert an dëst mécht dann och de Roman aus. De Lieser huet doduerch d'Gefill selwer matenquêtéieren ze kënnen. An och den Dr. Mühe gëtt vu Säit zu Säit méi gräifbar well säi komplett Ëmfeld mat vill Léift zu all eenzelem Protagonist beschriwwe gëtt. Duerch di vill Perspektive gëtt de Fall awer och ëmmer méi komplex a gewënnt un Interessi. Am éischten Ulaf gëtt kee Schëllege fonnt mee den Dossier soll de Kommissär Keller nach vill Jore begleeden.

De Cold Case aus de leschte Jore vun der Weimarer Republik steet dann och ganz am Zeeche vu senger Zäit esou datt den Nationalsozialismus mol méi mol manner eng wichteg Roll spillt. Duerch dem Auteur seng jorelaang wëssenschaftlech Aarbecht verwonnert et net, datt alles am Buch gutt recherchéiert wierkt a vill Detailer erausgeschafft goufen, fir di verschidden Zäiten tëscht 1932 an 1950 an deenen d'Buch spillt ze beschreiwen. Fir mech wierkt et heiansdo net ganz authentesch an op verschidde Plaze wär villäicht nach bëssi mee Fiktioun ganz flott gewiescht fir d´Geschicht nach méi ofzeronnen, mee am Prinzip gefält mir d'Buch ganz gutt a konnt mech vun Ufank un iwwerzeegen. Ech hoffen scho ganz geschwënn nees vum Oliver Hilmes ze héieren, well hien huet eng ganz eegen Aart fonnt Geschichten ze erzielen an huet dobäi seng eegen Ästheetik entwéckelt.

„Das Verschwinden des Dr. Mühe„ vum Oliver Hilmes koum beim Penguin Verlag eraus an huet 236 Säiten