D’Wendy Walker ass Affekotin mat Spezialisatioun op Familljerecht. Schonn mat hirem éischte Buch hat si vill Succès: „Dark Memories, nichts ist je vergessen“ ass an 20 Länner erauskomm. Hiert aktuellt Wierk „Die Nacht zuvor“ ass e Thriller a kënnt och als Film fir op d’Tëlee eraus. D’Sandra Mélan huet d'Buch gelies.

17/11/2020 Buch vun der Woch: "Die Nacht zuvor" Wendy Walker

Mir léieren engersäits d’Laura als eng Fra vun 28 Joer kennen, déi gäre mol e Risiko ageet. Hat huet eng Trennung hannert sech un der hat laang ze knaen huet. Fir op aner Gedanken ze kommen, ass d‘Laura rem zréck a säin Heemechtsduerf bei seng Schwëster Rosie gaangen. D’Rosie, dat zwee Joer méi al ass, wunnt do zesummen mat senger klenger Famill. Hat steet éischter mat den zwee Féiss um Buedem.

D’Laura huet dunn iwwer Internet versicht endlech de richtege Mann, d’Léift vum Liewen ze fannen. Vu sengem éischten Date mam Jonathan Field kënnt hat awer net méi heem. D’Rosie, säi Mann Joe an e gudde Frënd aus der Kandheet de Gabe, probéieren zesummen d’Laura ze fannen. Am Raum steet net nëmmen ob dem Laura eppes geschitt ka sinn, oder éischter, wéi d’Rosie fäert, datt seng Schwëster deem Mann vläicht eppes ugedoen huet. Viru laanger Zäit huet d’Laura nämlech am Verdacht gestanen e Mord begaangen ze hunn. Deemools konnt dat him awer net nogewise ginn. A genee iwwert dëse Virfall kritt een als Lieser no a no weider Detailer. 

De Thriller kritt een aus zwou Perspektiven erzielt. Engersäits vum Rosie, wat alles dru setzt fir seng Schwëster ze fannen. An anerersäits erlieft een praktesch Stonn fir Stonn vum Laura sengem Date mam Johnathan. Et weess e jo schonn datt d’Laura net heem komm ass, et huet een als Lieser awer am Ufank guer keng Ahnung wat do genee virgefall ass. Och wann déi zwou Schwësteren nach esou verschidde sinn, esou spiert een wéi si uneneen hänken. 

D’Wendy Walker huet et fäerdeg bruecht e Thriller ze schreiwen mat villen Emotiounen. An dobäi huet si en Thema aus der haiteger Zäit behandelt mat de méigleche Risiken: den Online-Dating. D’Buch ass esou spannend geschriwwen, datt ech net erwaarde konnt wéi et ausgeet. An dobäi huet de Schluss mech dach iwwerrascht.

"Die Nacht zuvor" vun der Wendy Walker ass bei dtv erauskomm