Eng Geschicht, zwou verschidde Perspektiven. An hirem Roman "Unter uns das Meer" erzielt déi US-amerikanesch Autorin Amity Gaige vun enger Koppel déi zesumme mat hiren zwee klenge Kanner ee Joer laang op engem Boot verbrénge wëll. D'Bea Kneip huet d'Detailer.

08/12/2020 Buch vun der Woch: "Unter uns das Meer" Amity Gaige

De Michael an d'Juliet féieren mat hire Kanner, dem 7 Joer ale Sybil an dem klengen George e ganz duerchschnëttlecht Liewen. Wéi de Michael virschléit e Boot ze kafen an domat e Joer laang duerch d'Karibik ze fueren, ass d'Juliet fir d'éischt skeptesch, mä schlussendlech léisst et sech iwwerzeegen. D'Geschicht gëtt allerdéngs just a Form vu Flashbacken erzielt, an deenen d'Juliet sech un d'Schëffsrees erënnert an ofwiesselend am Michael sengem Logbuch liest, mat deem hien akribesch all Dag dokumentéiert huet. Et ass séier kloer, dass eppes Dramatesches geschitt ass, wat genee ass ugangs nach net gewosst. Grad esou séier mierkt een, dass Bestietnis an enger Kris war, d'Grënn dofir sinn ënner anerem an engem Trauma aus dem Juliet senger Kandheet ze sichen.

D'Amity Gaige, Joergang 1972, lieft am Staat Connecticut, wou si och d'Handlung vun hirem Roman situéiert huet. Si konnt an den USA scho mat hiren 3 éischte Romaner op sech opmierksam maachen, Hiert véiert Buch "Unter uns das Meer" krut ënner anerem an der New York Times positiv Kriticken.

Trotzdeem konnt ech kee richtegen Zougang zu der Erzielung fannen. Zemol d'Haaptprotagonistin, d'Juliet, bleift zweedimensional, et ass schwéier sech an si eranzeversetzen. An dat ass schued, well d'Thema u sech ass duerchaus interessant. Schued ass och, dass d'Autorin dacks e spezialiséierte Vocabulaire benotzt, wien net grad e passionéierte Seegler ass, gëtt dees séier midd. Mäi Fazit: "Unter uns das Meer, oder wéi et am engleschen Original heescht "Sea Wife" ka sécher vill Lieser begeeschteren, mech perséinlech huet et awer net esou richteg iwwerzeegt.          

"Sea Wife" vun der Amity Gaige ass an der däitscher Iwwersetzung mam Titel "Unter uns das Meer" am Eichborn Verlag erauskomm.