Eist Buch vun der Woch „Zugvögel“ vum Charlotte Mc Conaghy gräift ee vun de grousse Problemer vun eiser Zäit op. De Klimawandel, a fir mi genau ze sinn, d´Aartestierwen. Verpak an enger onheemlech emotionaler Geschicht gëtt op dës Problematik an awer och op den onermiddleche Kampf vun deenen, di sech domat net wëllen zefridde ginn, higewisen. D'Tiffany Saska weess méi.

24/11/2020 Buch: "Zugvögel" vum Charlotte McConaghy

D´Franny Stone huet am Liewen nach ee leschte Wonsch: déi sougenannte „Küstenseeschwalben“ op hirer laanger Rees vu Grönland bis an d´Antarktis ze begleeden: et kéint nämlech hir leschte Rees sin. Doduerch dass d´Massefëscherei entretemps verbueden ass, ass et fir di jonk Ornithologin awer net esou evident e Schëff fir des Aventure ze fannen. D´Franny huet näischt méi ze verléieren a setzt dofir alles op eng Kaart. De Kapitän Ennis erhofft sech duerch seng Hëllef säi leschte grousse gëllene Fang ze machen a léisst sech op en Deal mat der obstinéierter Fra an.

Déi australesch Schrëftstellerin Charlotte McConaghy huet scho verschidde Bicher publizéiert; "Zugvögel" ass awer hiren éischte Belletristik Roman. Sie beschreift eng Dystopie andeem se déi extreem grausam Entwécklung vun eiser Natur- an Déierewelt opweist, ouni awer mam Fanger op een ze weisen. An och wa mir eis eng Welt ouni Déieren, ausser e puer Hausdéieren, net kënne virstellen, esou läit dësen Zenario net alt ze wäit an der Zukunft. Mam Titel "Zugvögel" bezitt si sech awer net nëmmen op d'Vullen, déi vum Mënsch ausgerott goufen, mee och op dem Franny seng zerstéiert Existenz an säin Drang fortzelaafen… ganz wäit fort.

D´Charlotte McConaghy léisst d´Haaptprotagonistin Franny hire Leidenswee selwer erzielen. Eng Kéier beschreift hatt d´Rees um Fëscherboot an d'Antarktis an am nächste Kapitel gëtt an der Reckblend ee weideren Aspekt vu senger Vergaangenheet opgedeckt, Dës Erzielweis zitt sech duerch dat ganzt Buch, esou datt sech de Puzzle no an no zesummesetzt. Vu Kapitel zu Kapitel gëtt ëmmer méi däitlech, wéi e schwéiere Pak déi jonk Ornithologin ze droen huet. Dem Franny seng Onsécherheet, seng zerbrache Séil, säi Mangel u Vertrauen a seng ënnerlech Dämone ginn awer schonn op deenen éischte Säite staark ugedeit. Bis zum Schluss bleiwe seng Beweeggrënn, fir déi riskant Rees awer ongekläert, esou datt och eng flott Spannung am Buch entsteet. Seng Figur konnt vun Ufank un iwwerzeegen, genee wéi déi vill Nieweprotagonisten.

Et geléngt der Schrëftstellerin déi weltbeweegend Theme Klimawandel an Aarteschutz esou ze erzielen, datt de Lieser net erschloe gëtt. Den deelweis immens poetesche Schreifstil steet an engem interessante Kontrast zu de ganz reale Probleemer. An och wann dem Franny seng Vergaangenheet e bëssen iwwerluede gëtt, e puer Detailer hätte kënnen ewech gelooss ginn, esou muss ech soen, datt mech dëst Buch absolut iwwerzeegt huet an nach vill méi beréiert huet.

"Zugvögel" ass op däitsch am Fischer Verlag erauskomm.