D’Kathrin Tordasi ass eng däitsch Autorin. Si lieft zu Berlin, huet wärend hire Studien a Wales gewunnt, a sech dobäi a Land a Leit verléift. An hirem éischte Roman "Brombeerfuchs" huet se all hir Andréck an Erfarunge verschafft.

01/12/2020 Buch "Brombeerfuchs" vum Kathrin Tordasi 11h15

Sou ganz begeeschtert ass d’Portia net, fir an d’Vakanz bei seng Tattaen ze goen. Mä di zwou e bësse schrulleg Dammen sinn awer ganz léif, déi walisesch Landschaft beandrockend, an den Tattaen hiert aalt Haus ureg a verwénkelt, voll mat all méiglechem Krom an enger Onmass Bicher. Super fir de Bicherwuerm a Fantasy-Fan Portia! A wéi hatt dunn e verstoppte Schlëssel fënnt, deen et eigentlech guer net méi dierft ginn, an engem ganz zoutrauleche Fuuss begéint, ass dem Portia säi Summer gerett! Ouni laang ze iwwerleeën, geet hatt dem Fuuss no, an de Bësch, ëmmer méi déif, bis bei eng al, mysteriéis Paart. Wat soll ee wuel erliewen, wann een déi Dier opspäert an op déi aner Säit kucke geet?

"Brombeerfuchs" hëlt seng Lieser mam Portia mat a friem Welten, mol faarweg a lëschteg, mol gro a geféierlech. Ënnerwee léiert hatt net nëmmen de Nopeschbouf Ben kennen, mä och Feeën, Gestaltewandler a vill aner fantastesch Wiesen. Bei deem, wat si alles erliewen, mierken d’Kanner séier, wéi wichteg et ass, sech een op deen anere verloossen ze kënnen an ni de Courage ze verléieren, wa si hir Rees wëllen un e glécklecht Enn bréngen.

‘t ass eppes lass an der Kathrin Tordasi hirem Romandebut: rasant Action, schnelle Wiessel tëscht den Zeenen, an ëm den Eck waart ëmmer eppes Spektakuläres an Onerwaartes. D’Autorin huet hei sympathesch Personnagen erschaf, liicht zougänglech fir de jonke Lieser. Et ass einfach, sech mat den zwou Haaptfiguren aus der Geschicht ze identifizéieren, besonnesch well déi net perfekt sinn, och mol falsch Decisiounen huelen, awer sech an hir Frënn ni hänke loossen. "Brombeerfuchs" zielt eng spannend Geschicht an enger flotter Sprooch, gutt ze liesen a mat Potential fir weider Expeditiounen a faszinant Welten.

D’Buch "Brombeefuchs - Das Geheimnis von Weltende" ass am SAUERLÄNDER Verlag erauskomm .