Dystopesch Romaner ginn et der vill, awer lëschteg sinn déi mannsten dovun. Eist Buch vun dëser Woch gëtt vum Auteur Marc-Uwe Kling ausdrécklech als "Lustige Dystopie" bezeechent. Dat versprécht! Ob "Qualityland 2.0" dëst Verspriechen och hale kann, dat weess d'Bea Kneip.   

22/12/2020 Buch vun der Woch: "Qualityland 2.0" vum Marc-Uwe Kling

Qualityland ass dat bescht vun alle méigleche Länner, dovun konnt een sech schonn am éischten Deel, den 2017 erauskomm ass, iwwerzeegen. Och d'Haaptfigur Peter Arbeitsloser ass nees dobäi, hie schafft mëttlerweil als Therapeut fir Maschinnen. Dat ass och batter néideg well eng Drohn mat Fluch-Phobie an en traumatiséierte Kampfroboter brauche seng Hëllef. Grad wéi e Milliardär deen sech an de Kapp gesat huet, onbedéngt wëlle Präsident ze ginn, an deen aarme Peter ëmmer nees entféiere léisst. An dann ass do nach d'Kiki Unbekannt, dat probéiert méi iwwer seng eege Vergaangenheet erauszefannen, an dobäi mat dem misteriéise Poppespiller uneneegeréit. A jo, an déi Saach mam drëtte Weltkrich, vun dem kee weess, wien en ugefaangen huet a firwat...

De Marc-Uwe Kling, Joergang 1982 ass Kabarettist, Liedermacher a schreift Bicher fir Kanner an Erwuessener. Bekannt ass en zum  Beispill duerch seng (mëttlerweil verfilmten) Känguru-Chroniken.

Eng lëschteg Dystopie, kann dat wierklech gutt goen? Den Erfolleg vum éischten Deel deit dorop hin. An och am zweeten Deel kann een sech groussaarteg ameséieren, souguer wann ee riskéiert, dass d'Laachen engem am Hals stieche bleift. Well villes beweegt sech ganz no un der Realitéit vun 2020. Et brauch ee just eisen eegene Liewes-Algorithmus e wéineg weiderzespannen, fir an enger Welt ze landen an der Mënschen no Levele segregéiert ginn, a Maschinne méi mënschlech sinn wéi hir Virbiller aus Fleesch a Blutt. E Bléck op de Buch-Deckel verréit: "Dieses Buch ist ein Mega-Pageturner. Was in Kapitel 4 passiert, ist ultrakrass!" Da loosst Iech iwwerraschen!   

"Qualityland 2.0 - Kikis Geheimnis" vum Marc-Uwe Kling ass am Ullstein Verlag erauskomm.