Wien der Elena Ferrante seng Bicher scho kennt, de mierkt séier dass se eis och mat hirem neie Roman op vertrauten Terrain mathëlt. Nees eng Kéier spillt d'Geschicht zu Neapel a Klassenënnscheeder vun den Awunner spillen eng wichteg Roll. Dës Kéier kritt e jonkt Meedchen, dat an der Pubertéit ass d'Stëmm vun der Protagonistin an d'Autorin léist mam Giovanna senger Geschicht Erënnerunge waakreg ginn, bei deenen enge méi, bei deenen anere manner. D'Michèle Schons huet "Das lügenhafte Leben der Erwachsenen" gelies:

29/12/2020 Buch vun der Woch:"Das lügenhafte Leben der Erwachsenen"

D'Giovanna ass e jonke Meedchen, wat amgangen ass eng Fra ze ginn, an eigentlech ass et glécklech, bis enges Daags eng Ausso säi Liewe verännert. Säi Papp seet et wär ellen an et géing der Tatta gläichen déi keen ausstoe kann. Dat ass den Ausléiser dass d'Giovanna sech op d'Sich no Schéinheet an Gräisslechkeet mécht a seng Rees féiert et op méi Plaze wéi et geduecht hat. Wien nämlech versicht verluere familiär Wuerzelen opzegräifen, stécht dacks op vill Secreten an en onendlechen an onduerchsichtege Spagat tëscht Erwuesse sinn an Erwuesse ginn.

D'Pubertéit, d'Enn vun der Kandheet an den Antrëtt an d'Erwuesseliewe stinn am Mëttelpunkt vun der Elena Ferrante hirem Roman "Das lügenhafte Leben der Erwachsenen". D'Giovanna, dat jonkt Meedche verwandelt sech am Bezug op seng eege Famill an eng Rebellin, déi d'Liggen fir sech entdeckt a kengem méi gefale wëllt. Hir Welt geréit un d'Wackelen an et kënnt an dat déift Neapel, wou hir Tata, mat der Witfra an de Kanner vun hirem Frënd lieft. Hei gëllen aner Reegelen, den Dialekt beherrscht d'Sprooch, den Ëmgang ass rau, awer meeschtens häerzlech. Ma d'Giovanna muss erkennen dass och an hirem Elterenhaus näischt esou ass wéi et schéngt. Wéi d'Autorin et fäerdeg bréngt fir d'Liewe vum jonke Meedchen ze beschreiwen, wat um Wee ass eng Fra ze ginn, mat all de Verletzlechkeeten a Schwieregkeeten, an dem Besoin no Affektioun an Akzeptanz, fënnt ee seelen an esou enger Perfektioun beschriwwen. Si hëlt kee Blat virun de Mond a schwätzt och näischt schéin, ma weist kloer op wéi aus Verletzunge Roserei entsteet an opgrond vun enger negativer Ausso e Liewen negativ bestëmmt ka ginn.

Wat d'Elena Ferrante eendeiteg kann ass Stëmmung schafen. An engem Neapel voller Frëndschaften a Bezéiungen, Bedruch, Ligen an Intrigen ass hiert zentraalt Thema d'Léift, an all senge Facetten, wat mir perséinlech heiansdo e bëssen ze rau a vulgär eriwwer koum. Och un der Männerwelt léist se kee gutt Hoer, déi meescht wëllen hei just "Dat Eent" an näischt anescht, an d'Frae loossen sech all manipuléieren a bedréien. E bësse platt a mengen Aen, mee dat läit warscheinlech dorunner dass ech keng 15 méi sinn.