1989 koum « Die Säulen der Erde », deen éischte grousse Succès vum britteschen Auteur Ken Follett eraus. Dee Roman beschreift de Bau vun enger Kathedral am englesche Fréimëttelalter. 32 Joer méi spéit läit elo « Kingsbridge - Der Morgen einer neuen Zeit », de Prequel vun dëser Geschicht, vir. De Lucien Czuga huet sech dësen 1000-Säite Roman op d’Long gezunn.

12/01/2020 Buch vun der Woch: "Kingsbridge" vum Ken Follett

Wéi heescht et sou schéin : Och Zwergen hunn eng Kéier kleng ugefaangen… Esou ass et och mat Dreng’s Ferry, engem winzegen Nascht am Süde vun England, aus deem spéider déi grouss Stad Kingsbridge mat hirer imposanter Kathedral sollt ginn.

Mä der Rei no : Mir sinn am Joer 997, also matzen an den « Dark Ages », deem däischtersten Zäitalter an der englescher
Geschicht, tëschent der Romanik an dem Mëttelalter. Den Edgar, e jonke Bauer, huet sech hei mat sengen zwee Bridder a
senger Mamm néiergelooss, nodeems hir Heemechtsstad vun de Wikinger zerstéiert gouf. Fir d'éischt këmmert hie sech ëm d’Fär, mat där hien d’Pilger an d’Geschäftsleit vun enger Säit vum Floss op déi aner bréngt, mä lues a lues gëtt hien
ëmmer méi zu engem Baumeeschter, deen aus deem klenge Kaff e richtegt Duerf wëll maachen. Wéi hien den Aldred kenneléiert, e jonke Mënch, dee vun sengem Bëschof heihi verbannt gouf, well hien et gewot hat, deen der Mënzfälschung ze
beschëllegen, decidéieren déi zwee, eng Bréck iwwer de Floss ze bauen an domat ëmmer méi Leit op Dreng’s Ferry ze lackelen. Mä si hunn net mam intrigante Bëschof Wynstan, dem Hallefbrudder vun hirem Herrscher Wilwulf gerechent, deen an enger « Nacht-und Nebel »-Aktioun déi hëlze Bréck a Brand stieche léisst.

Gläichzäiteg féiert de Wynstan, dee méi Zäit an de Bordelle verbréngt wéi a senge Kierchen, e Klengkrich mam Ragna, der
normannescher Fra vum Wilwulf, déi hien duerchkuckt huet an him wëll d’Handwierk leeën. Zesumme mat sengem
sexbesiessene Brudder Wigelm bréngt de Bëschof doropshin de Wilwulf ëm an entféiert d’Ragna. Mä d’Duechter vum Grof vu Cherbourg ass méi zéi wéi dat an op de Wynstan waart eng quasi gëttlech Strof...

« Kingsbridge - Der Morgen einer neuen Zeit » spillt virum Ken Follett sengem Weltbestseller « Die Säulen der Erde ». An deem Opus goung et jo ëm de Bau vun enger Kathedral mat all sengen techneschen, mënschlechen an historeschen Niewenaspekter, iwwerdeems an dësem Roman déi bluddeg Kämpf, Kricher an Intrigen an der Géigend ronderëm Kingsbridge am Mëttelpunkt stinn. An och wann hien um Enn dach e bësse séier duerch d’Geschicht galoppéiert, gehéiert «Kingsbridge» awer an d’Bibliothéik vun all Fan vum Ken Follett.

« Kingsbridge - Der Morgen einer neuen Zeit » ass als Hardcover bei Lübbe erauskomm