De schwedesche Schrëftsteller Jonas Jonasson, deen ënner anerem fir säi Roman „Der Hundertjährige, der aus dem Fenster stieg und verschwand“ bekannt ass, huet Enn vum leschte Joer en neit Buch publizéiert. D´Buch vun der Woch "Der Massai der in Schweden noch eine Rechnung offen hatte" ass nees e Roman mat vill Witz a ganz spezielle Personnagen, esou datt den Auteur sengem Stil trei bleift, Tiffany Saska

05/01/2021 "Buch "Der Massai. de rin Schweden noch eine Rechnung offen hatte"

De Victor Alderheim ass, wat een nennt, en Nationalist. Hien traut näischt an kengem, wat aus frieme Länner kënnt - héchstens et bréngt Geld. Dat eenzegt, wat hien interesséiert ass säin eegene Profit. Wéi en dunn no 15 Joer gewuer gëtt, datt hie Papp vun engem Jong ass, de Kevin, mat schwaarzer Haut an ouni Frang an der Täsch, passt dee Bastard esou guer net a säi Plang. De Jong gëtt kuerzerhand an der kenianescher Savanne ausgesat. Leider gëtt en net, wéi vum Victor erhofft, vu Léiwe gefriess a fënnt de Wee zréck a Schweden. Mee net hien eleng wëll sech um skrupellose selwer ernannte Konschthändler rächen, mee och dem senger Exfra. Wéi dunn och nach den Adoptivpapp vum Kevin, e räiche Massai aus Kenia, optaucht a Konschtwierker vum Irma Stern huet, ass de Chaos perfekt.

Beim schwedeschen Auteur Jonas Jonasson weess een och an dësem Roman nees genau, wat ee kritt. Eng komplett un den Hoer erbäigezunne Geschicht mat zum Deel wierklech komesche Personnagen. Dat Ganzt da virun zwou Kulissen, déi net méi ënnerschiddlech kéinte sinn - Schweden a Kenia.
An och wann d´Geschicht fräi erfonnt ass, esou dréit se awer ronderëm eng ganz real Perséinlechkeet. D'Irma Stern ass eng südafrikanesch Kënschtlerin vun däitsch jiddeschen Auswanderer, di Ufanks vum 20. Joerhonnert gelieft huet. Eng weider historesch Figur gëtt schonns direkt um Ufank genannt, den Adolf Hitler. Mee a wéi enger Relatioun stinn di zwou Figuren zoueneen ausser hirer Léift zur Konscht? Ma si sinn déi zwee Géigesätz, op déi d´Geschicht opbaut. D'Írma Stern steet fir eng Weltoffenheet, Völkerverstännegung, eng global Welt ouni Rassentrennung. Den Hitler steet fir de genaue Géigendeel, gëtt am Buch awer duerch de Konschthändler Victor representéiert. Op eng ganz subtil Aart a Weis ginn dës Géigesätz humoristesch ëmmer nees opgegraff.

An ville klenge Kapitel gëtt d´Geschicht lieweg erzielt a léisst sech gutt liesen. Um Ufank hunn ech dann och puer mol misse gutt laachen. D´Absurditéit gëtt engem awer séier ze vill, esou datt sech d'Buch no zwee Drëttel ufänkt ze zéien. An och wann d´Sprooch an d´Erzielweis ganz bewosst stilistesch gewielt sinn, esou sinn se zum Deel awer onpassend. Dat ass schued, well een direkt um Ufank mierkt, datt de Message vum Auteur e ganz kloren ass. Et feelt awer un der néideger Déift fir deem gerecht ze ginn. Hie verstréckt sech an ze vill a Konstruéiertem, gëtt senge Figuren net genuch Gewiicht a verléiert säin eegent Zil séier aus den Aen.

E witzege Roman, deen et um Enn verpasst vill méi wei nëmmen dat ze sin.

"Der Massai, der in Schweden noch eine Rechnung offen hatte" vum Jonas Jonasson ass op däitsch bei Bertelsmann erauskomm an huet 395 Säiten.