Emotiounen, brutal Biller an interessant Personnagen. Den Garrett Graff erzielt a sengem neie Buch ‘Und auf einmal diese Stille.. Eine Oral History des 11. Septembers’, d’Geschicht vun dësem onvergiesslechen Dag vun enger ganz neier Perspektiv. D’Julie Mathes mam Buch vun dëser Woch.

19/01/2021 Buch vun der Woch "Und auf einmal diese Stille ..."

D’Buch dréit ronderëm ee vun den historeschsten Deeg an der amerikanescher Geschicht. Den 11. September 2001 ass d’USA vun engem Terrorakt gezeechent ginn, wou déi meescht haut nach d’Biller vum Geschéie viru sech gesinn. Et ass een Dag, deen d’Welt verännert huet a wouriwwer geschriwwen, gezielt a gefilmt gouf. Dem Garrett säi Wierk ass awer anescht. Et ass ee Buch mat Transkriptiounen, Interviews an Erzielunge vun honnerte vun Offizéier, Zeien, Iwwerliewenden, Frënn a Fammiljememberen vun den Afferen vun dësem historeschen Dag. Et si Pompjeeën dobäi déi beschreiwen wéi se hiert Liewen op d’Spill gesat hunn fir déi Blesséiert aus dem World Trade Centre erauszehuelen, ouni ze wëssen, ob si selwer lieweg erauskomme wäerten. D’Buch erzielt och wéi d’Regierung an déi Responsabel a kuerzer Zäit onméiglech Decisiounen hu mussen huelen. Donieft gëtt engem bewosst wéi onsécher déi Situatioun am Ufank ausgesinn a wéi déi Betraffen dësen Dag erlieft hunn. Mat reellen Sproochnoriichten vun den Afferen aus dem Fliger, déi wossten dass dat hire leschte Message un hier Léifst ass, trefft dës Buch jiddereen. All Minutt gëtt iwwerliwwert an zesummen erzielen se d'Geschicht vum 11. September aus den Ae vun de Betraffenen.

De Garrett Graff ass en amerikanesche Journalist an Auteur, dee fir verschidden Magasinnen an Zeitungen geschafft huet an als Professer op der Georgetown University Journalismus a Public Relations ënnerriicht. Mam Buch Raven Rock huet de Journalist 2017 als Auteur säin Duerchbroch gepackt. Hei verëffentlecht hien der US Regierung hier geheim Pläng fir sech selwer ze schützen an Zäite vum kale Krich. Mam Buch iwwert den 11. September huet den Auteur et souguer op d'New York Bestseller Lëscht gepackt.

D’Buch ass vun der éischter bis déi lescht Säit eng Achterbunn vun Emotiounen. All eenzel Ausso bleift hänken an erkläert engem wat d’Leit op dësem Dag hu misste matmaachen. D’Art a Weis wéi de Garrett dës Aussoen zesummeleet ass eenzegaarteg. An obwuel dësen Dag fir vill Familjememberen, Frënn a Mataarbechter ee Lach hannerlooss huet, ginn et awer e puer Geschichten, déi ee positiivt d’Enn fannen. Ech muss awer éierlech zouginn, datt den Graff säi Buch näischt fir schwaach Nerven ass. Et ass brutal an et hellt een emotionell staark mat. Ma et ass awer ee Buch wou d’Realitéit, vun engem vun de schlëmmsten Terrorakten an der Geschicht op eng eenzegaarteg Manéier duergestallt gëtt an dowéinst ee 'Must Read.'

D'Buch ass op Däitsch bei Suhrkamp Nova erauskomm.