Déi skandinavesch Auteure si bekannt fir hir Psycho Thrilleren. Eist Buch vun der Woch mam Titel „Hexenjäger“ ass dann och aus der Fieder vun engem finnesche Schrëftsteller an zwar dem Max Seeck. D´Tiffany Saska huet d´Buch fir eis gelies.

26/01/2021 Buch "Hexenjäger" vum Max Seeck

De Roger Koponen ass e bekannte finneschen Auteur, dee mat senge Krimie vill Leit erreecht an och ganz gutt Geld domat verdéngt. Wéi hien op enger Liesung wäit ewech vun doheem ass, gëtt seng Fra bei hinnen am Haus ëmbruecht. Schnell stellt sech eraus, dass de Modus Operandi keen onbekannten ass. De Koponen selwer beschreift dëse Mord an engem vu senge Bestseller. Et schéngt also, wéi wann ee seng "Hexenjagd Trilogie" an d´Realitéit wéilt ëmsetzen.

D´Police fänkt séier un z´enquêtéieren, well se dovun ausginn, datt et sech net ëm eng Eenzeldot handelt, well och am Buch ginn et méi Affer. Et dauert net laang, bis d´Police déi nächst Läiche fënnt. D'Jessica Niemi, Kommissärin an dëser Enquête, ass direkt immens involvéiert an huet schnell eng donkel Anung, datt dëse Fall och mat hir perséinlech ze dinn huet. Wei ëmmer méi kloer gëtt, datt sämtlech Affer der jonker Fra äusserlech immens gläichen, kritt de Fall e ganz neit Gesiicht.

An Finnland ass den Auteur Max Seeck duerchaus bekannt - am däitschsproochege Raum koum bis elo awer just ee Buch „Der gesetzlose Richter“ 2018 eraus. Mat „Hexenjäger“ ass et also säin zweet Buch an et dierften der nach kommen, well dëst ass den Ufank vun enger Trilogie ronderëm d´Jessica Niemi. D´Filmrechter vum éischten Deel huet sech Hollywood scho geséchert esou datt och mat enger Verfilmung ze rechnen ass.

D´Buch fänkt immens staark un mat engem am Detail beschriwwenen Ausgangspunkt, esou datt een direkt an der Geschicht dran ass a Loscht huet weider ze liesen. Et gi vill Explikatiounen a Beschreiwunge ronderëm d´Personnagen, den Hannergrond, de Mord selwer an alles reit sech an eng düster wanterlech a kal Ambiance. Et ass sécher kee Buch fir schwaach Nerve, mee depasséiert awer och keng onangeneem Grenz.

Am Laf vun der Lecture weisen sech awer Schwächten, esou datt d´Buch den héijen Niveau vum Ufank net hale kann. An der Mëtt zitt sech d´Geschicht immens an d´Längt a verléiert net onbedéngt un Spannung, mee awer u Koherenz an engem roude Fuedem. Zum Schluss iwwerschloe sech dann d´Handlungen an et kënnt schnell, fir mech vill ze vill schnell, zu enger Opléisung. E Schluss, dee ganz vill Froen oppe léist, net ganz verständlech ass an ee bal d´Gefill huet, et hätt ee puer Kapitele verpasst. Parallel dozou gëtt dann och nach d´Geschicht vun der Kommissärin Jessica a Réckblenden erzielt. Natierlech stellt sech dem Lieser d´Fro wat huet Vergaangenheet mat der Opklärung vum Mord ze dinn, an op dëser Plaz well ech net ze vill verroden, mee mech huet den Erzielstrang leider net iwwerzeegt.

Hexenjäger vum Max Seeck ass sécher kee schlecht Buch, am Verglach zu de sëllegen Thriller, déi ee sou fënnt, géif ech aner Auteuren awer virzéien. Et ass a bleift awer eng Affaire de Goût

"Hexenjäger" vum Max Seeck ass op däitsch beim Lübbe Verlag erauskomm an huet 443 Säiten.