D’Julie Clark ass zu Santa Monica opgewuess an huet schonn ëmmer ganz vill gelies. Mëttlerweil ass si Léierin an wunnt erëm an hirer Heemecht. No hirem Studium hat si puer Joer op der University of California zu Berkeley geschafft. A genee des Stad ass eng vun de Plazen ëm déi et an hirem neie Roman „Der Tausch“ geet. Dëst Buch huet ganz vill positiv Kritike kritt. D’Sandra Mélan huet d’Buch gelies.

02/02/2021 Buch vun der Woch: Der Tausch

Am Roman „Der Tausch“ geet et ëm zwou staark Fraen, déi allen Zwee e ganz neit Liewe wëllen ufänken. Laang hu si gemengt, datt dëst onméiglech ass. D’Claire Cook ass bestuet mat engem ganz bekannte, räiche Politiker, deen no bausse ganz sympathesch eriwwer kënnt. A Wierklechkeet ass deem awer net esou. D’Claire erlieft do scho laang physesch a psychesch Gewalt. Nodeems hat seng Flucht bis an de klengsten Detail geplangt hat, kënnt awer alles anescht. Um Flughafen JFK zu New York trëfft hat op eng Fra, déi och en Auswee aus hirem aktuelle Liewe sicht. D’Eva James huet a senger Jugend déi falsch Leit kenne geléiert an ass dann esou op déi schif Bunn geroden. Hat fäert elo em säi Liewen an dowéinst ass och hat op der Flucht. D’Eva an d’Claire tauschen alles: hiert Liewen, hir Fligerticketen, hir Carte d’identitéeën, hir Jacketten an hir Kierf. Nodeems d’Claire zu Berkeley ukomm ass, gëtt hat gewuer, datt dem Eva säi Fliger fir op Puerto Rico erofgefall ass. Hat stellt och fest, datt d’Eva gelunn huet iwwert d’Grënn, firwat hat fort wëll. D’Claire lieft am Eva sengem Haus a kënnt lues a lues dem Eva sengem donkele Geheimnis op d’Spuer.

***************************

D’Julie Clark huet et fäerdeg bruecht vun Ufank bis un d’Enn Spannung opzebauen. De Roman gëtt ofwiesselend aus der Vue vum Claire an iwwert dem Eva säi Liewen erzielt. Dës ënnerschiddlech Manéieren fir d’Geschicht ze erzielen, hëlleft dem Lieser e Gesamtbild ze kréien an esou de Puzzle zesummenzesetzen. Eréischt zum Schluss gi verschidde Punkten gekläert.

***************************

D’Julie Clark huet et faszinéiert fir erauszefannen, ob et méiglech ass e komplett neit Liewen unzefänken. Si wollt och klären wéi weit een dofir muss goen. Hier ass et och wichteg ze vermëttelen, datt et ëmmer eng Léisung gëtt. Et muss e just genuch Courage hunn, fir dësen Auswee ze gesinn.

D'Buch "Der Tausch" ass bei Heyne erauskomm.