2006 huet déi englesch Schrëftstellerin Diane Setterfield hiren éischte Roman "The thirteenth tale" publizéiert an domadder en internationale Bestseller realiséiert, deen och fir d'Tëlee mam Vanessa Redgrave verfilmt gouf. Eng Geschicht, déi am 19te Joerhonnert spillt, eng Zäit, déi der Autorin läit. Dat beweist se och an hirem drëtte Roman "Once upon a river", deen elo an der däitscher Iwwersetzung eraus ass, Christiane Kremer.

09/02/2021 Buch: "Was der Fluss erzählt"

"Was der Fluss erzählt" spillt am spéiden 19te Jorhonnert a fänkt wéi e Mäerchen un "Et wor eemol e Pub"... De "Swan" an dee stoung zu Radcot, engem Dierfgen no um Floss Themse. De Pub hat eng Traditioun, hei goufe sech Geschichten erzielt an d'Leit koume gären nolauschteren an hunn dono dat Erzieltent weidergedroen. Op engem Wanterowend, kuerz vru Chrëschtdag, erliewen d'Clienten awer hei eng Aventure, déi se nach laang begleede wäert. E Mann taucht aus der Keelt an der Näetzt op an huet e klengt Meedchen um Aarm. Béid si schwéier blesséiert. Nodeems d'Infirmière aus dem Duerf de Mann pléischtert an den Doud vum Meedche muss feststellen, erlieft se e bëssi méi spéit e Wonner. D'Kand otemt erëm. Domadder geet eng laang Geschicht un: kee weess wien d'Kand ass an zu weem et gehéiert. Säi Retter, e Fotgraf, hat et aus dem Waasser gezunn. Eng Koppel, eng Fra an e Mann tauchen an den Deeg dono op a behaapten et wier hiert verschwonnent Meedchen, Schwëster, Enkelin. D'Kand schwätzt net a léisst sech gewäerden ouni sech ze wieren, mä ëmmer mat engem traurege Bléck.

D'Diane Setterfield schéngt sech am 19te Joerhonnert wuelzefillen, déi promovéiert Linguistin, déi a Frankräich gelieft huet an elo zu Oxford wunnt, ass haut fräischaffend Schrëftstellerin. Hir dräi Romaner, déi bis elo erauskomm sinn gräifen ëmmer eng Geschicht op, déi an dësem Joerhonnert spillt.

Wann eng Geschicht mat "Et wor eemol..." ufänkt, da kléngt dat natierlech no Mäerchen an an deem Sënn probéiert d'Schrëftstellerin d'Lieser och op eng ongewéinlech, rätselhaft a spannend Liesrees matzehuelen. Der Diane Setterfield hir Sprooch ass poetesch an hiren Haaptprotagonist, de Floss, spruddelt ëmmer mat, et huet een d'Impressioun emol op Welle matzedreiwen an dann nees un d'Ufer gespullt ze ginn fir Neits gewuer ze ginn. Heiansdo fëscht een dobäi vläicht e bëssi laang am Dréiwen, mä um Enn fanne sech all Fiedem zesummen. An d'Froe schénge beäntwert, och wa mir e bëssi Explikatioun op engem Punkt feelt. Mä de Genoss vum Liesen an dem Selwer entdecken, wëll ech Iech domadder net huelen.

"Was der Fluss erzählt" vum Diane Setterfield koum op däitsch bei Blessing eraus.