"Et wor eemol..." Sou fänkt eist Buch vun dëser Woch un. "Der Ickabog" ass e Mäerchen aus der Fieder vun der J.K.Rowling, eng Geschicht déi si scho viru Joren fir hir eege Kanner geschriwwen huet, an déi si an der Pandemie mat Kanner op der ganzer Welt wollt deelen. D'Bea Kneip huet sech vum Ickabog verzaubere gelooss.

Buch vun der Woch: "Der Ickabog" vun der J.K.Rowling

De Kinnek Fred ass Här iwwert d'Kinnekräich Schlaraffien...just dass hie léiwer op d'Juegd geet a sech schéi Kleeder maache léisst fir dass jiddereen gesäit wat hie fir e schmocke Kärel ass. D'Regéieren iwwerléisst hie senge Beroder, dem Lord Schlabberlot a besonnesch deem gewëtzte Lord Spuckelwert. Un d'Legend vum Ickabog, deem Monster dat am héijen Norden säin Onwiesen dreiwe soll, gleeft keen esou richteg...bis eppes Dramatesches geschitt, wat d'ganzt Land an de Misär stierzt. Nëmmen zwee Kanner, d'Lilli an de Wim, hunn de Courage fir no der Wouerecht ze sichen...an déi ass méi onwarscheinlech wéi all Ligen déi den intrigante Lord Spuckelwert hätt kéinten erfannen. 

Um "Ickabog" huet d'Joanne K.Rowling iwwer Joren ëmmer nees tëscht der Aarbecht un den Harry Potter Bicher geschriwwen, e gouf awer ni ganz fäerdeg. Um Ufank vun der Pandemie ass d'Joanne K.Rowling d'Manuskript dann op de Späicher siche gaangen, an huet hir d'Geschicht an d'Netz gestallt, fir dass Kanner iwwerall op der Welt se gratis liese kéinten. Parallel dozou konnten si hir Zeechnungen aschécken, déi bescht dovun sinn als Illustratiounen am Buch ze fannen. 

E Buch dat iwwregens och optesch begeeschtert an dat de Feeling vun engem klassesche Märchebuch vermëttelt. D'Geschicht u sech ass einfach an och d'Sprooch ass kannergerecht, trotzdeem awer alles anescht wéi banal. Toleranz, Empathie, Courage a kritesche Geescht stinn am Mëttelpunkt vun enger zäitloser Erzielung déi awer grad an eiser Zäit héich relevant ass. A grad esou wéi een sech deemools zu Hogwarts wéi doheem gefillt huet, geléngt et der Joanne K.Rowling och hei, grouss a kleng Lieser mat den Awunner vu Schlaraffien matféiweren ze loossen. 

"A wa se net gestuerwe sinn, da liewen se haut nach..." "Der Ickabog" vun der J.K.Rowling ass am Carlsen Verlag erauskomm.