De « Goncourt » ass dee wichtegste franséische Literaturpräis. E bréngt sengem Gewënner zwar nëmmen 10 Euro a bor an, mä och eng gewëssen Unerkennung an eng Oplag, déi an d’Honnertdausende geet mat deenen entspriechende finanzielle Konsequenzen. Gemenkerhand geet de Präis un e Wierk aus enger bestëmmter Kategorie, ob et sech elo ëm en historeschen, e sozialkriteschen oder e psychologesche Roman handelt. Mat « L’Anomalie », deen 2020 ausgezeechent gouf, huet den Hervé le Tellier e Wierk virgeluecht, dat a kee Schema passt, mä vill méi nei Perspektive schaaft. Wat fir eng dat sinn, seet eis elo de Lucien Czuga.

16/02/2021 Buch vun der Woch: L'Anomalie

Den 10. Mäerz 2021 lant e Boeing 787 vun der Air France zu New York. E kënnt vu Paräis an ënnerwee ass en duerch eng riseg Wollek geflunn, déi op eemol aus dem Näischt opgedaucht ass. D’Passagéier goufe gutt duerchgerëselt an en etlech hu souguer gemengt, hir lescht Stonn hätt geschloen. Mä ’t ass alles gutt gaang a si landen ouni weider Problemer um John F. Kennedy Airport. Esou wäit, esou gutt…

Mä 106 Deeg méi spéit, am Juni 2021, ass genee dee selwechte Fliger mat genee deem selwechten Equipage a genee de selwechte Passagéier nees ënnerwee fir op New York, wéi e kuerz vrun der Landung vu Fliger vun der US-Air-Force dozou forcéiert gëtt, op engem Militärfluchhafen am New Jersey ze landen. Hei waarde schonn Agente vun CIA an FBI op d’Leit aus dem Fliger fir se auszequetschen an deene

mysteriéisen Ëmstänn vun zwee perfekt identesche Flich op de Grond ze goen.

Ënnert de Passagéier sinn ënner anerem en Optragskiller mat enger duebeler Identitéit, en nigerianesche Pop-Star, en Architekt, e Spezialist vu Probabilitéitsrechnungen, eng Kinostechnikerin, e Kriibskranken an e Schrëftsteller, deen endlech wëll grouss erauskommen. Wat de Lieser méi iwwer déi aacht Personnage gewuer gëtt, wat hien sech ëmmer méi bewosst gëtt, dass beim Vol duerch dee risege Cumulonimbus d’Zäit souzesoen den Hick krut, an dass duerch dës Anomalie d’Liewe vun dëse Leit immens duerchernee geroden ass…

Als President vun der literarescher Bewegung Oulipo, dem « Ouvroir de littérature potentielle », ass den Hervé le Tellier fir e kreativen Ëmgang mat der Sprooch a wëll all Méiglechkeete vun der Literatur austesten. An dat geléngt him mat « L’Anomalie » op eng meeschterhaft Aart a Weis. An dësem Wierk steet all Personnage nämlech fir en anere literaresche Genre : ob Krimi, Spionagethriller, psychologesche Roman oder

och nach Libesgeschicht, se kommen alleguer no an no un d’Rei, an dat mat all hire ganz eegene Coden an Eegenschaften.

A bei allem Genre-Gewulls bréngt den Auteur et awer fäerdeg, den narrative Bou an déi verschidden Handlungssträng herno esou zesummenzebréngen, datt se op ee Schluss hiféieren, deen esou iwwerraschend ass, datt en hei natierlech net däerf verrode ginn…

Mä eppes léisst sech op jiddwerfalls soen : Den Hervé le Tellier spillt mat der Sprooch an e spillt mam Lieser. An de Lieser léisst sech op dat Spill an, well seelen huet d’Lektür vun engem Roman engem esouvill Spaass gemeet wéi bei « L’Anomalie » !

« L’Anomalie » ass  bei den Editions Gallimard erauskomm.