"Der Apfelbaum" den Debutroman vum däitsche Schauspiller Christian Berkel war 2018 bei Kritik a Publikum direkt gutt ukomm. Doranner erzielt hien d'Geschicht vum Otto a vum Sala, déi sech virum Krich an Däitschland verléiwen a sech eréischt méi spéit erëmfannen. Alles baséiert op dem Liewe vum Auteur sengen Elteren. "Ada" schléisst elo un déi Geschicht un. Christiane Kremer

02/03/2021 Buch vun der Woch "Ada" vum Christian Berkel

D'Ada ass d'Duechter vum Otto a vum Sala, déi mat hirer Mamm nom Krich aus Argentinien zeréck an Däitschland kënnt. Si versteet d'Sprooch net, léiert hire Papp Otto kennen, vun deem se just eng Foto gesinn huet a muss e Land entdecken, dat u senge Wonnen ze lecken huet. Awer heemlech. Geschwat gëtt wéineg iwwer dat, wat d'Generatioun vun den Elteren erlieft huet.

D'Ada kämpft mat dësem Net-Wëssen a fänkt als Teenager un ze rebelléieren. An den 50er a 60er Joren gehéiert si zu deenen, déi endlech Kloertext wëllen, iwwer dat, wat geschitt ass an déi net wëllen an enger opgebauschter Heile-Welt-Gesellschaft liewen. Scho guer net an der gedeelter Stad Berlin. D'Ada geréit, deels ongeplangt, a Kontakt mat Drogen, ass um éischte Concert vun de Rolling Stones derbäi a bei de Studenten-Demonstratiounen, bei deenen de Benno Ohnesorg ëm d'Liewe koum.

De Christian Berkel ass als Schauspiller laang iwwer déi däitsch Grenze bekannt, huet ënner anerem och a Frankräich an zu Hollywood gedréint an op der däitscher Tëlee 14 Joer laang d'Haaptroll an der Krimi-Serie "Der Kriminalist" gespillt. Schrëftsteller gouf en duerch d'Geschicht vun senger Famill, déi e recherchéiert huet. Besonnesch seng Elteren: eng Mamm mat jüdesche Originnen, déi aus engem intellektuellem Mileu koum an e Papp, dee sech aus éischter aarme Verhältnësser eropgeschafft huet an déi duerch de Krich getrennt ginn. Dorobber huet de Christian Berkel den autofiktionale Roman "Der Apfelbaum" geschriwwen.

Den zweeten Deel vun der Geschicht, déi eng Trilogie soll ginn, setzt eng Figur an de Mëttelpunkt, déi erfonnt ass: d'Ada. Intressant ass et, datt den Auteur och hei aus der Ech-Perspektiv erzielt, sech also an eng Fra versetzt.

De Schauspiller Berkel meeschtert dat op eng wonnerbar Manéier mat ganz vill Sensibilitéit a Verbruetheet, sou wéi seng Figur soll sinn.

Iwwerhaapt ass de Christian Berkel e richteg gudden Erzieler, seng Geschicht (dat wat wouer ass an dat wat erfonnt ass) hëlt een als Lieser mat a léisst een net méi lass. Sécher ass et e Virdeel d'Bicher der Rei no ze liesen. Wien dat net mécht, mä mat "Ada" ugefaangen huet, wäert awer dono ganz séier och "Den Apfelbaum" wëlle liesen. Einfach e Plëséier.

"Ada" ass bei Ulstein erauskomm. Leschte Weekend war de Christian Berkel op Invitatioun vum Institut Pierre Werner fir e puer Liesungen zu Lëtzebuerg. De ganzen Interview mat him, héiert Der d'nächst Woch als Podcast "Podpurri - mir schwätze Kultur" .