Eng spannend an intressant Rees an déi rezent polnesch Geschicht mä och an d’Intimitéit vun enger Koppel bitt « Les Héroïques » vum Paulina Dalmayer, dëst aus der Siicht vun enger Fra, déi duerch eng onbaarmhäerzeg Krankheet un e Spidoolsbett gefesselt ass an nëmmen nach dovun dreemt, selwer d’Enn vun hirem Liewen ze bestëmmen. 

06/04/2021 Buch vun der Woch "Les héroïques" vum Paulina Dalmayer

D’Wanda Bartel ass 70 Joer al a si huet Kriibs, Mat hirem Mann Edward, engem fréiere kommunistesche Fonctionnär an heitegen Europadeputéierten, wunnt si zu Krakau a Polen, do wou si als Kannerdoktesch geschafft huet.

D’Doktere ginn hir just nach e puer Méint ze liewen an déi wëll si bei sech doheem verbréngen. Mä enges Daags gëtt d’Péng esou staark, dass d’Wanda muss an d’Spidol ageliwwert ginn, wou si un e Morphiumbaxter ugehaang gëtt. Wéi si sou do läit, léisst si hiert Liewe Revue passéieren a stellt fest, dass si an hire Mann heroesch Zäite mat Polen duerchlieft hunn : vun de 60er Joeren an dem kale Krich iwwer d’Wiel vum Karol Wojtyla zum Poopst Jean-Paul II an den Opstieg vum Lech Walesa senger Gewerkschaft « Solidarnosc » bis bei d’Zesummebrieche vun der Sowjetunioun, déi doropshin ausgebrache kapitalistesch Goldgriewerstëmmung an déi heiteg erzkathoulesch Konterrevolutioun. 

Gläichzäiteg gëtt si sech bewosst, dass hire Mann net nëmmen eng staark Stäip fir si war, mä och déi ganz polnesch Evolutioun matgemaach huet a sech ëmmer nees wéi e Chamäleon deene verschiddene Régimer a Changementer ugepasst huet. Dësen Opportunismus vermësst si allerdéngs bei hirer Duechter Gabriela, déi de Mangel u Präsenz vun hiren Elteren durch suizidär Gesten an anarchistesch Gedanken probéiert huet ze kompenséieren an déi sech doduerch esouwäit mathinnen ausernee gelieft huet, dass si haut net méi matenee schwätzen.

Am Spidol gëtt d’Wanda ausgerechent vum Konrad behandelt, engem fréiere Schüler an Amant, dee sech natierlech keng Illusiounen iwwer hiren Zoustand mécht, mä probéiert, hir sou gutt et geet, bäizestoen. 

Mä bei hire Gespréicher kënnt eraus, dass d’Wanda nëmmen nach ee Wonsch huet : aleng an Indien ze reesen an do ze stierwen…

Mat « Les Héroïques » hëlt d’Paulina Dalmayer de Lieser mat an déi ganz intim Welt vun enger Fra, déi sech condamnéiert weess, déi awer voller Hoffnung ass, dass si hiren Doud ka selwer bestëmmen an dobäi nach eng spirituell Erliichtung kann erliewen. 

Gedroe vun enger ausdrocksstaarker Sprooch ass dëst Buch e brillante Plädoyer fir Fräiheet, Intelligenz a Liewen an dofir onbedéngt ze recommandéieren !

« Les Héroïques » ass op franséisch bei den Editions Grasset erauskomm.