D´Buch vun der Woch „die Bücherfrauen“ vum Romalyn Tilghman beschäftegt sech mat dräi ganz ënnerschiddleche weibleche Protagonistinnen. Erzielt ginn hir Geschichten am Zesummenhang mat enger klenger Stad am Kansas déi nieft enger Naturkatastrophe och mat ville weidere strukturelle Problemer ze kämpfen huet. Tiffany Saska huet d´Buch gelies.

27/04/2021 Biuch "Die Bücherfrauen" vum Romalyn Tilghman

Déi kleng Stad Prarie Hill gouf vun engem Tornado zerstéiert a just nach e Koup Steng erënnert un de ganze Stolz vun de Bierger - hir wonnerschéi Bibliothéik di zu de bekannte Carnegie Bibliothéike gehéiert huet. Kuerz nom Ongléck kënnt ´Bibliothekärin Angelina an d´Heemecht vu senger Groussmamm zréck, well et endlech seng Dokteraarbecht zum Thema Carnegie-Bibliothéiken no ville Joren ofschléisse wëll. Am Nopeschduerf New Hope existéiert och scho laang keng Bibliothéik méi, well dës an en Kulturzentrum ëmgebaut gouf. Hei wëll di jonk New Yorker Kënschtlerin Traci no hirer Flucht aus der Groussstad hiert Gléck versichen a gëtt Cour fir defavoriséiert Jugendlecher - keng einfach Aufgab sou ganz ouni Erfarung. D´Gayle ass di drëtt Haaptprotagonistin, huet beim Tornado alles verluer an ass awer motivéiert en ganz neie Wee anzeschloen.

Wéi ech den Titel vum Buch „Die Bücherfrauen“ gelies hunn, war et fir mech evident, datt Bicher an dësem Buch am Virdergrond géife stoen. Schnell hunn ech awer festgestallt, datt et éischter ëm di bekannte Carnegie Bibliothéike geet, di am 19. an 20. Joerhonnert vum amerikanesche Stolproduzent a Philanthrop Andrew Carnegie finanzéiert goufen. Méi wéi 2500 Bibliothéiken huet hie baue gelooss. Awer och dës immens schéi Geschicht trëtt éischter an den Hannergrond, De Roman bréngt ganz vill Themen zur Sprooch. Nieft deenen dräi Fraen an hire ganz perséinleche Liewenskrisen sti Sujete wéi d´klimatesch Verännerungen, d´Liewen a strukturarme Géigenden an Amerika, d´Geschicht vum mëttlere Westen awer och eng vernoléissegt Jugend am Fokus. Enttäuschend war fir mech, datt Bicher mol keng Nieweroll kritt hunn.

„Die Bücherfrauen“ vum Romalyn Tilghman léisst sech mat senge kuerze Kapitelen, di ëmmer aus der Perspektiv vun enger vun den dräi Fraefiguren erzielt ginn, gutt liesen. Mat der helle Wull un Sujete, geet d´Geschicht awer zu kengem Moment an d´Déift, schneit d´Themen nëmme kuerz un an esou geléngt et net de Lieser ze fesselen. Et huet mir e bësselchen de roude Fuedem gefeelt, esou datt een net richteg versteet wou d´Rees higeet. Ganz perséinlech fannen ech et schued, datt dee ganz spannende Projet Carnegie Bibliothéiken net weider ausgebaut gouf an datt och d´Geschichten vun den dräi Fraen net wierklech eppes mateneen ze dinn hunn. Mech iwwerzeegt d´Buch net ganz, mee um Enn ass et awer eng ënnerhalsam a lieweg geschriwwe Geschicht.