"Poupées" ass den neie Roman vun der Eléonore Pourriat, där franséischer Autorin, Realisatrice a Schauspillerin, déi et fäerdegbruecht huet mat der Adaptatioun vun engem vun hire Bicher, den éischte franséische Film "Je ne suis pas un homme facile" op Netflix ze lancéieren. Wéi an all hire Wierker réckelt se och hei bei "Poupées" nees d'Fra an de Fokus. Manon Bercker.

01/06/2021 Buch "Poupées" vum Eléonore Pourriat

Mir sinn am Joer 1985 zu Paräis. Do léieren d’Joy an d’Stella sech kennen, zwee Lycéesmeedercher, allebéid eng Grëtz verluer an hirer jeeweileger Welt. Si liewen an e bësse spezielle Familljekonstellatiounen, d’Joy mam Papp, deen ëmmer fir hatt do ass, a mat der Bomi, zënter d’Mamm si viru Joren eléng geloos huet, an d’Stella bei enger ganz onkonventioneller Mamm, déi him all Fräiheete léisst an ëm déi nach vill méi onkonventionell Frënn dréinen. Di zwee jonk Meedercher verbréngen sou vill Zäit zesummen, wéi et iergendwéi geet, do hunn der zwee sech wierklech fonnt.

An dann am Summer hëlt d’Joy d’Stella mat an d’Vakanz. Mam Papp an der Bomi verbrénge si e puer Wochen an der Bomi hirer amerikanescher Heemecht. D’Meedercher si begeeschtert, alles ass superflott, bis....d’Stella vun engem Dag op deen aneren heemfiert. D’Joy versteet d’Welt net méi, stellt Froen, kritt awer keng Äntferten. D’Stella ass fir hatt net méi ze erreechen an de Kontakt brécht of. D’Joy brauch laang, fir sech domatter ofzefannen.

Drësseg Joër méi spéit decidéiert d’Joy dann, d’Stella iwwer déi sozial Netzer ze kontaktéieren. Si schreift a kritt och eng Äntfert. A mat deem, wat d’Stella hir erzielt, muss d’Joy lo probéieren ëmzegoën...

D’Eléonore Pourriat zeechent eis hei d’Bild vun enger enker Meederchersfrëndschaft, wéi et der vill ginn, wéi mir se och vläicht kennen. Mä iwwer déi typesch Jugendtheemen eraus beschäftegt si sech awer och mat vill méi déiwe Froen: Wat kann ech deem aneren zielen? Muss, däerf ech alles soen? Wéi kann ech mech menger beschter Frëndin uvertrauen, wann ech kloer weess, dass ech domat seng ganz Welt zerstéieren....

Et wär nach souvill méi zu „Poupées“ ze soen, awer dat kann ech net, ouni ze spoileren. Kriddelech Theme gi behandelt, ganz sensibel, nuancéiert an ouni plakativ Schwaarzwäissmolerei, ofwiesselnd aus de Bléckwénkel vun deenen zwee Meedercher verzielt. Fir mech ass dat hei en immens intressant Buch, spannend a maträissend geschriwwen an trotz dem Thema liicht zougänglech. Ech wëll Iech et wierklech un d’Häerz leeën.

POUPEES ass am JCLattès Verlag eraus komm