En erfollegräichen Architekt, dee sech eigentlech nëmme bestued huet fir eng Famill ze grënnen, an deen der Meenung ass, seng Fra sollt doheem bleiwen
a sech ëm hiert Kand këmmeren. Eng Fra, déi hiert Kand vun Ufank un net wëllt, et dann awer acceptéiert, sech ëm hatt ze këmmeren an him eng gutt Mamm ze sinn an e Kand, dat et anscheinend drop ugeluecht huet, jiddereen ze quälen, deen him ze no kënnt. Dat sinn d’Protagoniste vum Ashley Audrain hirem éischte Roman, deen de Lieser a psychologesch Déifte kucke léisst, déi hie méi wéi eng Kéier erféieren deet. Lucien Czuga

08/06/2021 Buch vun der Woch: Der Verdacht

D’Blythe Connor, eng frëschgebake Mamm, huet d’Impressioun, dass d’Violet, dat Kand, dat si grad mat hirem Mann Fox krut, si net gär huet. An anerersäits
huet si d’Impressioun, dass hiert butzegt Meedchen säi Papp virzitt, well soubal hien d’Violet op den Aarm hëlt, gëtt geschmuust, gelaacht a gehäerzt.

Wat de Bëbee méi al gëtt, wat et ëmmer méi schlëmm gëtt : nuets muss d’Blythe all zwou Stonnen opstoen, well d’Kand kräischt an am Dag, soubal d’Blythe d’Violet bei sech hëlt, fänkt dat un ze jäizen, ëm sech ze schloen an esouguer ze bäissen. Soubal de Papp awer do ass, gëtt et zu engem Engelchena léisst sech vun deem verwinnen.

Am Ufank mengt d’Blythe, si géif sech schlecht uleeën, mä mat der Zäit kënnt si ëmmer méi zur Conclusioun, si wär net gëeegent, fir Mammegefiller ze hunn, jo, si ass carrément der Meenung, eng schlecht Mamm ze sinn. An dat ëmsou méi well dat an hirer Famill schéngt eng Traditioun ze sinn : hir Mamm Cecilia huet si an hire Papp Seb nämlech enges Dags ganz einfach am Stéch gelooss, an hir Boma Etta huet hiert eegent Kand, d’Cecilia, behandelt wéi Dreck.

Mä enges Dags erzielt eng Joffer aus dem Violet senger Spillschoul dem Blythe, dass säi Kand déi aner Kanner kujenéiert, si quält an hinnen op all méiglech Manéier wéideet. Vun deem Moment un huet d’Blythe e ganz
schlëmme Verdacht. An dee gëtt bestätegt, wéi e klenge Bouf enges Dags op enger Spillplaz vun engem Gerüst fällt an d’Blythe mengt gesinn ze hunn, dass d’Violet hirem Spillkamerod e Been gestalt huet. Den Elijah stierft herno an der Klinik a vun deem Moment u weess d’Blythe, datt hiert Kand net dat klengt, léift Meedchen ass, dat et sengem Papp ëmmer virspillt…

Wat heescht dat, "Mamm sinn" ? Gëtt een als gudden oder béise Mënsch gebuer ? An a wéi engem Mooss spillen déi schlecht Virbiller aus der Vergaangenheet fir engem seng eegen Entwécklung eng Roll ? Op all dës Froe probéiert d’Ashley Audrain an hirem éischte Roman eng Äntwert ze ginn. Erauskomm ass e grandiost Wierk, an deem Angscht a Roserei, Zweiwel u sech selwer, Schimmt a Schold sech ofwiesselen an een net
méi lassloossen.

"Der Verdacht" vum Ashley Audrain ass als Hardcover op Däitsch bei Penguin erauskomm.