All Dag esou liewen, wéi wann et de leschte wier, an dat bis et eriwwer ass, well fir "iergendwann" ass d'Liewen einfach ze kuerz. Dat ass de Motto vum Buch wat och de selwechten Titel huet, a wourëms et genee geet, dat huet d'Michèle Schons fir eis gelies.

29/06/2021 Buch: Ciara Geraghty - Das Leben ist zu kurz für irgendwann

D'Iris ass schwéier krank an decidéiert heemlech, hirem Liewen an der Schwäiz en Enn ze maachen. Hier Frëndin Terry fënnt duerch Zoufall eraus dass d'Iris scho fort ass a mécht sech op de Wee fir et ze bremsen an et ze begleeden. Well d'Terry awer hiren demenzkranke Papp huet missten aus dem Altersheem ofhuelen, ass deen elo bei der Rees mat derbäi. Déi dräi reesen iwwer Wales, a Frankräich bis op Zürech a fir béid Fraen gëtt d'Rees anescht wéi erwaart, besonnesch well d'Terry ënnerwee och nei Perspektive kritt, an hiert strukturéiert Liewe wéi et bis elo war kritesch hannerfreet.

"Das Leben ist zu kurz für irgendwann" handelt vum Dout a vun der Stierfhëllef, vu Krankheete wéi MS an Alzheimer, ass awer alles anescht wéi depriméiert ze liesen well d'Autorin mat Liichtegkeet un d'Themen erugeet an de Roman aus dem Terry senger Perspektive geschriwwen ass. Et kann een och genuch Empathie fir béid Fraen opbréngen an d'Iris ass och keng depressiv Selbstmäerderin. Si huet hir Decisioun geholl a wëll sech net ëmstëmme loossen. Gläichzäiteg läit de Fokus och beim Terry an dem egoistesche Wonsch d'Frëndin um Liewen ze halen. Och wann de Grond vun der Rees en trauregen ass, d'Zäit déi se matenee verbréngen ass onbeschwéiert a markéiert vu spannenden Aventure wärend hiren Tëschestoppen. Et ass e Roadtrip wou d'Protagonistinnen esouguer opbléien a vum But vun der Rees ofgelenkt ginn an och dem Terry säi Papp Eugene hëlt nees aktiv um Liewen deel. 
Wat mech besonnesch impressionéiert huet ass d'Aart wéi d'Autorin d'Geschicht erzielt: Ni kitscheg oder dramatesch, ëmmer um Buedem vun den Tatsaachen an trotzdeem geet d'Story matten an d'Häerz. Si weist d'Stäerkt vum Iris, d'Empathie vum Terry an d'Onsécherheet vum Eugene a gëtt engem d'Gefill, dass een d'Persoune kennt, mat hinnen am Auto setzt a genee dat materlieft, wat se duerchmaachen.