D’Buch vun der Woch „Nora Joyce und die Liebe zu den Büchern“ vum Nuala O’Connor erzielt d’Geschicht vum iresche Schrëftsteller James Joyce. Et ass awer net onbedéngt hien, deen am Mëttelpunkt steet, mee vill méi seng Fra, déi hien all déi Joren duerch säin turbulent Liewe begleet huet. D'Tiffany Saska huet d’Buch fir eis gelies.

06/07/2021 Buch vun der Woch: Nory Joyce und die Liebe zu den Büchern

D'Nora Joyce léiert scho ganz fréi den James Joyce zu Dublin kennen a verléift sech direkt an de Poet. An och wann hien net gewëllt ass dat jonkt Zëmmermeedchen ze bestueden, esou verléisst hatt mat him zesummen déi iresch Heemecht. Fir déi jonk Koppel geet et Ufank vum 20. Joerhonnert fir d’éischt op Paräis, dann op Zürech an direkt weider op Triest. Hiert ganzt Liewe soll sech an den nächste Joren tëscht dëse Stied ofspillen. Mëttlerweil sinn si awer net méi eleng, déi zwee Kanner Giorgio a Lucia reesen elo mat hinnen. D’Rolle vun den Eltere sinn dobäi ganz kloer verdeelt, den James këmmert sech ëm seng schleefend Karriär als Auteur a schreift u sengem bekannte Wierk "Ulysses". D’Nora iwwerdeems këmmert sech ëm de ganze Rescht.
 
De roude Fuedem am Buch ass déi prekär finanziell Situatioun vun der Famill. De James verdéngt näischt mat senger literarescher Aarbecht a bréngt nëmme Geld mat heem, wann e sech dozou erbaarmt säi Wëssen u Schüler virun ze ginn. De klenge Loun investéiert hien awer zum Groussdeel a seng alldeeglech Visitt am Café. D'Nora versicht deemno nieft der intensiver Kannerbetreieung och nach iergendwéi Geld ze verdéngen. An och wann et ëmmer nees zu Diskussioune mat hirem Alkoholiker-Mann kënnt, esou halen déi zwee fest zesummen. Egal a wéi enger Stad si grad liewen – d’Handlung ass ëmmer déi selwecht. Den James investéiert seng ganz Kraaft a seng Aarbecht als Schrëftsteller, déi méi spéit dann och zum Deel belount gëtt an d’Nora ass him déi esou wichteg Stäip am Hannergrond.
 
Mat enger extrem vulgärer Sprooch huet d’Buch mech schonns direkt um Ufank éierlech e bësse geschockt. Dës kënnt dann am Laf vum Buch och ëmmer nees erëm a soll wuel authentesch wierken. A klenge Kapitele gëtt d’Liewen, oder soll ech soen, de Leidenswee vun der Famill, aus der Siicht vum Nora, also vun der Mamm, erzielt. Mat ëmmer nees de selwechten Theme gëtt de Roman iergendwann immens repetitiv. Eng richteg Dynamik kann ech net erkennen an awer huet d‘Geschicht mäin Interessi waakreg gemaach an ech wollt weiderliesen. Bei de ville Beschreiwunge komme mir d’Protagoniste awer leider e bëssen ze kuerz. Si ginn ze vill an hir Roll eragedréckt, ouni och op aner Aspekter anzegoen. D’Nora steet awer ouni Zweiwel am Mëttelpunkt a kann als staark Perséinlechkeet och iwwerzeegen.

„Nora Joyce und die Liebe zu den Büchern“ vun der irescher Schrëftstellerin Nuala O’Connor konnt mech net ganz iwwerzeegen, mee villäicht als et fir deen een oder anere genau déi richteg Summerlektür.