„Ich will dir nah sein“ ass den éischte Roman vun der jonker däitscher Autorin Sarah Nisi. Si erzielt d’Geschicht vun enger Fra an hirem Stalker – awer net esou, wéi mer dat scho sou dacks gelies hunn. Dës Kéier dréit d’Story a ganz onerwaart Richtungen. Manon Bercker

27/07/2021 Buch "Ich will dir nah sein" Vum Sarah Nisi

Et ass net sou einfach, zu London en Appartement ze fannen! D’Erin, eng jonk Balletsdänzerin, ass scho méi laang op der Sich. Wéi dunn de sympateschen Här vun der Agence immobilière hir eng hell, frësch renovéiert Wunneng presentéiert, déi och nach ze bezuelen ass, gräift si direkt zou. Wat mécht et da schonn, dass d’Maueren zimlech kleesper sinn, an ee quasi alles vun deenen anere Bewunner matkritt? Leider erweist sech awer ee vun deene Nopere als exzessiv un hir intresséiert: pecheg, schmiereg an aberdéngt, daucht hie vill ze oft op Plazen op, wou d’Erin grad ass. No kuerzer Zäit fillt si sech beobacht an ausspionnéiert. A schliisslech huet si souguer dat eekelegt Gefill, dee Mann hätt et fäerdeg bruecht, an hir Wunneng eranzekommen an ronderëm ze kromen. Wat soll si dann elo maachen??

Stalking, en Thema, dat een haut leider allze dacks begéint. Mä wéi sinn dës Mënsche gestréckt, déi sech sou extreem op en anere fokusséieren, dass dee schliisslech zu hirem eenzegen Liewensinhalt gëtt? Dobäi ass et ganz egal, wéi däitlech  "d’Objekt der Begierde" weist, dass vu senger Säit null Interessi do ass, alles gëtt zu den eegene Gonschten interpretéiert.
A wéi schwéier lieft et sech, wann een als Affer permanent de Besoin huet, iwwer d’Schëller ze kucken, wann een d’Gefill huet, ‘t hätt een a senge Schief gewullt oder souguer a senger Dusch gestanen?

Dat, wat ech Iech bis elo iwwer "Ich will dir nah sein" gezielt hunn, hutt Der bestëmmt schonn an anere Psychothriller begéint, méi oder manner spannend, beklemmend, auswegslos. D’Sarah Nisi bleift awer net op deem Plang stoen. No a no gi mir gewuer, wéi eng Virgeschicht zu dësem Eclat geféiert huet. Dass dat aus dräi verschiddene Perspektiven erzielt an ergänzt gëtt, mécht d’Story nach méi spannend a villschichteg. Eng flott, temporäich Sprooch dréit zousätzlech dozou bäi, dass de Lieser, also ech op alle Fall, d’Buch schwéier aus der Hand leeë kann. An dann zum gudde Schluss nach en Denouement, deen et wierklech a sech huet!!

"Ich will dir nah sein" ass am btb Verlag erauskomm.