Als Buch vun der Woch proposéiere mir Iech dës Woch en historesche Krimi. „Die Toten vom Gare d’Austerlitz“ vum Chris Lloyd spillt an den 1940 Joren zu Paräis a behandelt nieft dem Mord vu polneschen Zivilisten natierlech och den Zweete Weltkrich an eng Stad, déi sech ënnert däitschem Afloss komplett verännert. D'Tiffany Saska huet d‘Buch fir eis gelies.

13/07/2021 Buch vun der Woch: Die Toten vom Gare d’Austerlitz

De 14. Juni 1940, den Dag wou d’Nazien zu Paräis amarschéieren, gi 4 polnesch Zivilisten ermort um Gare d’Austerlitz an engem Zuchwaggon fonnt. Den Édouard Giral, genannt Eddie, ass franséischen Inspekter an hëlt sech der Saach direkt un. Kuerz dono bréngt e weidere polnesche Mann net nëmmen sech, mee och säi klenge Fils ëm. Wisou weess keen, an och hei schalt de Giral sech trotz de rezenten Evenementer direkt an. Zu Paräis maachen sech Wehrmacht, Gestapo an déi Geheim Feldpolice ëmmer méi breet a wëllen och dem Inspekter seng Aarbecht beaflossen. De Giral léist sech vu senger Enquête awer net ofbréngen a bäisst sech ëmmer méi fest, wat de Widderstand méi grouss gëtt.

E weidere wichtege Personnage ass de Major Hochstetter. Eng Kéier Feind, eng Kéier Retter an der Nout, weess de Giral bei ville Protagoniste bis zum Schluss net, wien op wéi enger Säit steet a wiem hien traue kann. Mee net nëmmen de Mord un deene 6 Polen wëll de Giral esou séier wéi méiglech, a sou laang hien nach iwwerhaapt d’Geleeënheet huet, opklären. Säi Jong de Jean-Luc huet sech dem Widderstand verschriwwen a bréngt sech a weider jonk Zaldoten a Gefor. De Giral, aus Sicht vum Fils e Feigling an Opportunist, versicht de jonke Mann viru sech selwer ze schützen a muss dofir selwer ganz vill astiechen.

D’Buch ass net direkt vun Ufank un immens spannend, mee kann dofir am Laf vun der Geschicht ëmmer méi iwwerzeegen a baut u Spannung op. Flott emol nees e Roman ze liesen, an dem sech den Auteur Zäit hëlt d’Handlung opzebauen. Dat bréngt dann och mat sech, datt Plaz ass fir vill Beschreiwungen an Detailer, déi all eenzel Zeen lieweg gi léisst.

„Die Toten vom Gare d’Austerlitz“ ass e fiktive Roman mee integréiert awer ganz vill historesch Faiten. Et mierkt een, datt de Chris Lloyd sech vill Zäit fir eng ëmfaassend Recherche geholl huet. Nieft der Geschicht déi Ufank vum zweete Weltkrich spillt, ginn et och ëmmer nees Réckblenden an d’Joer 1925 gemaach. Beschriwwe gëtt dem Giral seng Vergaangenheet als Krichsveteran, déi dann och Usprong ass vum traumatiséierte Personnage. De geschiedegten, drogenofhängegen an familiär virbelaaschten Anti-Held ass sécher kee neiaartege Protagonist, mee mech huet dat net gestéiert. An och de soignéierte Schreifstil hunn ech appreciéiert. Fir mech , wann och eréischt op den zweete Bléck, e gelongene Krimi.