Eist Buch vun der Woch ass dës Kéier en Erzielband vun der däitscher Schrëftstellerin Mechtild Borrmann. „Glück hat einen langsamen Takt“ erzielt an 20 Geschichte vum Alldag mat all sengen Erausfuerderungen a Schicksaler, déi d´Liewen, vun engem Dag op deen aneren, komplett op d´Kopp kënne geheien. Tiffany Saska huet d'Buch fir eis gelies..

20/07/2021 Buch "Glück hat einen langsamen Takt" Mechthild Borrmann

„Glück hat einen langsamen Takt“ ass keen zesummenhängende Roman, mee e Band mat 20 Kuerzgeschichten; déi all ganz ënnerschiddlech sinn awer all vum Liewen erzielen. 

Am Kapitel „Seine Freundin“ erzielt d´Mechtild Borrmann d´Geschicht vum jonke Georg, dee sech a sengem Pap seng nei Frëndin verléift. An engem ganz kuerze Moment huelen hien an di jonk Fra d´Decisioun, sech openeen anzeloossen a veränneren doduerch alles…. 

D´Geschicht „Seltene Seerosen“ ass e ganze Krimi op nëmmen e puer Säiten an deem en ukrainesche Mann versicht an Däitschland erauszefannen, wat mat senger Schwëster passéiert ass. 

„Das vierte Gebot“ behandelt d´Schicksal vun enger Fra, déi sech hiert ganz Liewe laang fir hir Famill geaffert huet an um Enn just nach Haass fir alles a jiddereen empfanne kann.


Wéi ech den Titel vum Buch „Glück hat einen langsamen Takt“ gelies hunn, hat ech natierlech eng ongeféier Iddi am Kapp, wat de Roman thematesch behandele kéint. Leider ass net direkt erkennbar, datt et eenzel Geschichte sinn, esou datt ech um Ufank schonn irritéiert war, well kee Kapitel mat dem aneren ze dinn huet. An awer erkennt een no puer Geschichten de roude Fuedem. D´Mechtild Borrmann erzielt Alldagssituatioune ronderëm all déi Sujeten, déi eis all ëmmer nees méi oder manner beschäftegen. Léift, Partnerschaften, Mariagen, Homosexualitéit, verpasste Chancen am Liewen, Ängscht, Haass, Jalousie, Verzweiwlung bis hin zu physeschen a psychesche Krankheetsbiller. An all dës Geschichten si gepräägt vu ganz vill Tragik an der Erkenntnis, wéi zerbriechlech d'Gléck eigentlech ass.

De Cover vum Buch beschreift den Inhalt u sech ganz gutt. Ganz ënnerschiddlech Personnagë setzen an engem Boot an wëssen net, wat am nächsten Ablack passéiert, esou onberechenbar ass d´Mier an um Enn och d´Liewen. Der Schrëftstellerin geléngt et mat ganz wéinege Wieder ganz vill ze soen an esou hunn hir Zeile ganz vill Intensitéit. Och wann e puer Geschichten op ganz wéinege Säiten erzielt ginn, esou geléngt et bei mir op allefalls sech bei all eenzeler direkt eranzefillen. Dat leit sécherlech um geniale Schreifstil vum Mechtild Borrmann, déi fir hir Krimie schonn den een oder anere Präis gewonnen huet. Hire kriminalistesche Background an dës Virléift erkennt een natierlech ganz gutt an de Geschichten, ouni datt et awer opdränglech wier. Kuerzgeschichte sinn net meng léifste literaresch Form, mee an dem hei Fall kann ech dëst Buch nëmme wärmstens recommandéieren.

"Glück hat einen langsamen Takt" vum Mechthild Borrmann ass bei Droemer erauskomm.