Wéi gëtt een e gudde Mënsch? A wat mécht e gudde Mënsch iwwerhaapt aus? Dat sinn d’Froen ëm déi sech de Roman “Der Junge, der das Universum verschlang” vum australesche Schrëftsteller Trent Dalton dréit. E fiktiven Debutroman, gemëscht mat autobiographeschen Elementer. D’Valeria Wiwinius huet d’Buch gelies.

10/08/2021 Buch "Der Junge, der das Universum verschlang" Trent Dalton

“Der Junge, der das Universum verschlang” ass d’Geschicht vum 11 Joer alen Eli Bell. Hie wiisst an den 1980er Joren an engem Quartier vu Brisbane an Australien op an dat net grad an engem kannerfrëndlechen Ëmfeld. Seng Mamm ass heroinsüchteg, där hire Frënd dealt mat Drogen, säi Brudder huet opgehale mat schwätzen aus Angscht eppes Falsches ze soen, säi Papp ass en Alkoholiker, dee sech zanter der Trennung praktesch net méi ëm seng Kanner këmmert , a säi Babysitter ass de berüchtegte Slim Halliday, e verurteelte Mäerder, deen aus dem Héichsécherheetsprisong Boggo Road fortgelaf ass. An obschonns d’Situatioun zimmlech hoffnungslos schéngt, ass dat hei awer keng traureg Geschicht. Villméi gëtt de Lieser dozou opgefuerdert dës Welt duerch dem Eli seng Aen ze kucken: et ass eng Welt voll mat Léift, Hoffnung, Dreem, moralesche Froen a souguer enger gudder Portioun Humor.


“Der Junge, der das Universum verschlang” ass dem australesche Journalist a Schrëftsteller Trent Dalton säin Debutroman. Och wann en éischter als fiktiv Coming-of-Age Geschicht klasséiert gëtt, sou sinn awer vill autobiographesch Elementer dran, déi en Abléck an dem Schrëftsteller seng Kandheet ginn. De Stil ass typesch fir de renomméierte Journalist: eng Mëschung aus poetesch-humoristeschen Andréck a realistesche Beschreiwungen. Zesummen ergëtt et eng interessant a spannend Lektür vun Ufank bis zum Schluss.

An Australien ass de Roman schonn 2018 erauskomm. A sengem éischte Joer gouf en iwwer 160.000 Mol verkaf an huet och eng ganz Rëtsch Präisser gewonnen - dorënner véier “Australian Book Industry Awards”. An der Tëschenzäit gouf de Roman och fir den Theater adaptéiert - d’Première ass den 30.August an Australien. Anscheinend soll drorausser och nach eng Serie entstoen - et ass awer nach kee genauen Datum bekannt.

“Der Junge, der das Universum verschlang” ass beim HarperCollins Verlag erauskomm.