Di eng ware villäicht grad beim Mier; anerer fueren nach an d´Vakanz fir ë puer Deeg bei guddem Wieder vum Strand an dem Waasser ze profitéieren. Mee wéi oft setze mir eis mat der faszinanter Déierewelt, déi eis Weltmierer ze bidden hunn, auserneen? „Die Eloquenz der Sardine“ vum Bill François hëlt de Lieser mat op eng Rees ënner Waasser voller Iwwerraschungen a virun allem spannenden Erzielungen. Tiffany Saska huet d´Buch fir eis gelies. 

17/08/2021 Buch vun der Woch: "Die Eloquenz der Sardine" vum François Bill

Wéi 1982 e russescht U-Boot bei Stockholm fonnt ginn ass, an zäitgläich schwedesch Offizéier vun der Marinn onerklärlech Tounsignaler ënner Waasser registréiert hunn, duecht een eng sowjetesch Invasioun stéing virun der Dier. De kale Krich war schliisslech iwwerall an d´Angscht deemno ganz grouss. 1996, also vill Jore mi spéit, hu Wëssenschaftler rausfonnt, datt et keen U-boot war mee en Hierkeschwaarm. Net di eenzeg Iwwerraschung aus der Ënnerwaasserwelt. Wosst dir datt Kraken immens intelligent Déiere sinn, mee hiert Wësse leider net un de Nowuess kënne weiderginn. Verschidde Fësch hu bei der Gebuert kee Geschlecht a kënnen dëst am Laf vun hirem Liewe variéieren. Anerer friessen hiren eegene Partner. All dës spannend Geschichten erzielt d´Buch „Die Eloquenz der Sardine“.

Den Auteur ass Wëssenschaftler a setzt sech schonn zënter senger Kandheet mat all de Mieresbewunner auserneen. Dat war net ëmmer sou. Als Kand hat hie grouss Angscht virun dem kalen donkele Waasser. Et war d´Zesummentreffe mat enger Sardinn, déi net nëmmen seng Angscht geholl huet, mee och den Ufank vun enger ganz grousser Léift sollt sinn. Den Titel vum Buch „Die Eloquenz der Sardine“ ass domat och keen Zoufall. Inhaltlech ass d´Buch eng Wäertschätzung net nëmme fir d´Sardinn mee vir all déi wonnerbar Mieresbewunner, vun deene mir leider esou wéineg wëssen. Dës eenzegaarteg Geschichte wëll de François Bill eis erzielen. Dobäi geet hie besonnesch op hir Kommunikatiounsméiglechkeeten an, déi trotz net existenter Sprooch mindestens esou komplex si wéi déi vum Homo Sapiens.

Dem François Bill geléngt et vill interessant Fakte mat perséinlechen Erfarungen esou z´erzielen, datt jiddereen alles versteet. Aussergewéinlech ass säi Gebrauch vun der Sprooch. De sachlechen Tounfall gemëscht mat ganz vill Poesie loossen een d´Buch net aus der Hand leeën. Et ass him en Uleies mat sengen Erzielungen ze sensibiliséieren ouni awer mam Fanger op een ze weisen. Ganz subtil an och nees poetesch versicht hien awer drop opmierksam ze maachen, datt de moderne westleche Liewensstil sech ännere muss, wann mir dës eenzegaarteg Liewewiesen an hire Liewensraum erhale wëllen. D´Déierewelt war bis elo net mäi Fachgebitt a vu Fësch hat ech éierlech gesot keng Anung. Dofir war ech och selwer iwwerrascht, wéi gutt mir dëst Buch gefall huet. Ech wëll dëst Buch dofir all deene recommandéieren, déi groussen Interessi um Mier an hiren Déieren hunn mee virun allem deenen, déi sech wéi ech nach net esou vill domat ausernee gesat hunn a virwëtzeg op dës wonnerbar Geschichte sinn.

„Die Eloquenz der Sardine“ vum Bill François ass am C.H.Beck Verlag erauskomm.