Wéi hutt dir et da mat den Insekten? Déi meeschte Leit sinn jo éischter manner frou, wann hinnen ee Sechs- oder Achtbeener iwwert de Wee leeft. An eisem Buch vun der Woch dierft sech dee Point de Vu géigeniwwer der Insektewelt awer änneren. An "Frau Merian und die Wunder der Welt" geet et ëm d'Naturfuerscherin a Kënschtlerin Maria Sybilla Merian. Si war faszinéiert vun der Natur mat all hieren Liewewiesen an huet hiert Liewen domadder verbruecht, si ze zeechnen a fir d'Nowelt ze beschreiwen. Dobäi hat si ee groussen Dram, eng Rees a Südamerika wou si sech nach méi där Déiere versprach huet. An op déi Aventure hëlt d'Autorin Ruth Kornberger een an hirem Roman mat.

24/08/2021 Buch vun der Woch: Frau Merian und die Wunder der Welt

D'Maria Sybilla Merian ass et wierklech ginn, si ass am 17. Joerhonnert an Däitschland gebueren an huet spéider zu Amsterdam gelieft, bekannt ass si duerch hir Wierker vun den Insekten a Blummen aus Europa a Südamerika ginn. De Roman setzt un, nodeems si hire Mann verlooss huet a mat hiren zwou Duechtere bei de sougenannte Labadisten, enger Gleewensgemeinschaft ënnerkënnt. Do héiert si och déi éischte Kéier vun engem Land mam Numm Surinam. D'Labadiste maachen do Missiounsaarbecht a kréie reegelméisseg Noriichte vun hire Bridder a Schwësteren aus Südamerika. Dem Maria geet dat exotescht Land net méi aus dem Kapp. Virun allem d'Insekten, déi do mussen heemesch sinn, hunn et hir ugedoen. Vun do un begleede mir si op hirem Wee fir sech de Wonsch vun enger Iwwerfahrt erfëllen ze kënnen. An dat als eleng stoend Fra am 17. Joerhonnert. D'Labadiste verléisst si kuerz drop a probéiert sech zu Amsterdam mat hirer Molerei iwwer Waasser ze halen. Ëmmer mam Ziel sech iergendwanns een Ticket fir op Surinam ze kafen an do d'Flora an d'Fauna ze erfuerschen. Esou vill zum reelle Kader vun der Geschicht. D'Buch ass awer eng Mëschung tëscht Biographie a Fiktioun. Esou gëtt et an der Geschicht och ee geheimnisvolle Mann, de Jan de Jong. Ëmmer nees begéint d'Maria hien an hirem Liewen an déi zwee verléiwen sech an eneen, d'Ëmstänn erlaben et hinnen awer ni laang zesummen ze sinn.

Iwwert d'Liewe vum Maria Sybille Merian ass vill manner bekannt, wéi iwwert aner grouss Entdecker zu deenen Zäiten, dofir huet d'Autorin mat vergläichsweis wéinege Quelle misse schaffen an dofir kann een och verstoen, dass do vill Plaze mat enger gudder Portioun kënschtlerescher Fräiheet ausgebessert gi sinn. Et hëlleft, dass zum Schluss vum Buch nach ee Kapitel ass, dat opléist wat fiktiv a wat wouer ass. Et ginn och zum Deel laang Passagen, déi net misste si fir de Verlaf vun der Geschicht. Trotz Längten ass et an engem ganz besonnesche Schreiftstyle si beschreift alles ganz detailléiert a rappt een sou mat an hir Welt vum Roman. Sou huet een d'Gefill et géif ee selwer um Rand vun engem Wéier sëtzen an enger Libell nokucken. All Kontinent huet och seng eegen Atmosphär. Am Surinam spiert ee reegelrecht déi pecheg Hëtzt, wärend een op de Säite vum kale Wanter an Amsterdam onbewosst méi déif ënnert Decke rutscht.

Eleng fir méi iwwert de Personnage Maria Sybilla Merian gewuer ze ginn, lount et sech et ze liesen. Hir Faszinatioun zu den Insekten ass ustiechend. An ech si mir sécher, dass ech net dat eenzegt sinn, dat nom dësem Buch d'Insekten op eng ganz aner Manéier wouer hëllt.

D'Buch ass op däitsch am C.Bertelsmann Verlag erauskomm.