D’Schwëster als bescht Frëndinn, schéin, wann een sou eng Chance huet. Am « So wie du mich kennst » erzielt d’Anika Landsteiner eis d’Geschicht vun zwou jonke Fraen, déi sech ganz no stinn a sech scheinbar alles ziele kënne. Sou wéi an hiren zwee éischte Bicher, setzt di jonk däitsch Autorin, Journalistin a Podcasterin och hei op eng flott Manéier déi komplex tëschemënschlech Bezéiunge an de Fokus. Manon Bercker

07/09/2021 Buch "So wie du mich kennst"

„Marie hatte eine Schwäche für deutsche Vorabendserien. Sie hielt ihr Geld nicht zusammen, vor allem gab sie es jedoch für Freunde aus. Sie lud andere gern ein und verschenkte Dinge ohne Anlass. Sie hatte nie eine Physalis probiert.“ Sou beschreift d’Karla d’Marie, hir Schwëster, déi viru kuerzem zu New York an engem Autosakzident leie bliwwen ass. Obwuel si zanter Joren op verschiddene Kontinenter total verschidde Liewe gefouert hunn, stonge si sech ganz no. Keen Dag, wou si sech net ee bei deem anere gemellt hunn. Lo ass d’Marie dout, an d’Karla muss léieren, mat deem Verloscht ëmzegoen. Fir hir Trauer ze verschaffen, hëlt si onbezuelte Congé a flitt op New York an installéiert sech an der Marie hirem Appart. Si sicht Kontakt mat der Schwëster hire Frënn, sëtzt sech an hir Lieblingsbistroen, trëppelt duerch hir Stroossen... Beim Raume vun der Wunneng falen der Karla dann enges Dags Fotoe an de Grapp, Biller déi d’Marie vun enger Nopeschkoppel gemaach hat, Biller, déi Froen opwerfen an d’Karla total aus der Bunn geheien. „Warum reden wir den ganzen Tag und erzählen uns doch so wenig?“ Et deet schrecklech wéi ze erkennen, wéi wéineg si wierlech vun deene Saache wosst, déi d’Marie beréiert a belaascht hunn.

„So wie du mich kennst“, en originellt Buch iwwer eng Bezéiung, iwwer Bezéiungen iwwerhaapt. Wéi féiere mir eist Liewen, wéi gi mir mat schwierege Situatiounen ëm, a wéi deele mir eis deene Mënsche mat, déi eis wichteg sinn? D’Anika Landsteiner beliicht hei Themen, déi nach oft tabuiséiert ginn, Mëssstänn, bei dene mir léiwer ewechkucken. Doduerch, dass si déi zwou Protagonistinnen ofwiesselnd erziele léisst, verschaaft si dem Lieser en Abléck aus zwee verschiddene Bléckwénkelen, sou dass mir méi e komplett Bild vum Marie kréie, wéi d’Karla selwer.

Sensibel gezeechent, sympatesch Personnagen, eng duerchduechten Handlung, e frësche Schreifstil maachen aus enger am Fong tragescher Geschicht eng stëmmeg, breréierend Story, déi net ouni munch positiv a witzeg Momenter ass. An och, wann ech net grat alles novollzéie konnt, huet „So wie du mich kennst“ mir vu Stëmmung a Sprooch gutt gefall.

„So wie du mich kennst“ ass am KRÜGER Verlag eraus komm.