D'Julie Zeh ass promovéiert Juristin an Expert a Vëlker- an Europarecht a schafft als Riichterin um Verfassungsgericht Brandenburg. Bekannt ass d'Julie Zeh an hirem Heemechtsland Däitschland awer vrun allem duerch hir Literatur. 2001 hat si mat hirem Debütroman "Adler und Engel" och internationalen Erfolleg. Hire Roman "Unterleuten", dee verfilmt gouf, spillt an der Provënz. An dohinner hëlt och hiert aktuellt Wierk "Über Menschen" de Lieser mat, Christiane Kremer.

14/09/2021 Buch "Über Menschen" vum Julie Zeh

D'Dora huet es genuch mat der Stad a mat hirem Frënd. Déi jonk Fra, déi an enger Publicitéitsagence schafft an eigentlech ganz progressiv denkt, gëtt net méi eens mat allem, wat do op se awierkt: den iwwermotivéierte Frënd, deen dauernd d'Welt erkläert a wéi ee sech muss dofir engagéieren. An da sinn do och nach de Brexit, den Donald Trump an den Corona-Virus. De Lockdown am Fréijoer 2020 ass déi lescht Drëps. Et ass sécher: d'Dora muss fort op d'Land. Si keeft sech en Haus, mat komplett verwëldertem Gaart a renovéierbarem Interieur am Duerf Bracken a geet mat hirem Mupp duer wunnen. E klenge Kulturschock ass dat schonn. Iwwer déi héich Mauer am Gaart léiert se dann den Noper kennen, déi sech ouni vill Gedeessems virstellt: "Gote! Ich bin hier der Dorfnazi".

Dat muss d'Dora fir d'éischt emol verdauen, wéi sou villes, wat se am Duerf gesäit a kenneléiert. A mat deem se sech awer ëmmer méi ausenanersetze wäert a wëll.

"¨Über Menschen" de Roman vum Julie Zeh spillt am fiktiven Duerf Bracken - dat kléngt, bewosst, wéi eng Mëschung aus Brachen a Baracken - a weist eng Gesellschaft, déi bal direkt all de Viruerteeler entsprécht, déi een esou als neien Awunner huet. D'Haaptfigur Dora gëtt sech awer Zäit dofir - si huet der an der ganzer Corona-Situatioun jo souwisou genuch - an entwéckelt lues a lues en Interêt fir hiren Entourage. Wat och ëmgedréint passéiert. Et léiert ee sech kennen, sech a seng Positiounen. An et hëlleft ee sech am normalen Alldag.

D'Julie Zeh mécht och an "Über Menschen" genau dat, wat een aus hiren anere Romaner kennt, si geet mat ganz vill Empathie op hir Personnagen an an hëlt domadder och de Lieser mat. Och wann een als Lieser bei dem engen oder anere Personnage guer net so no eru wëll.

Genau dat ass et awer, wat dës Geschicht sou besonnesch mécht. E Buch, dat Konfrontatioun sicht, fënnt, iwwerwënnt, nei lancéiert, dat awer och mat vill Witz an Esprit tragesch a skurril Momenter op d'Schëpp hëlt. An en Zäitdokument, och wann d'Autorin d'Buch scho vru Corona fäerdeg hat an et dunn awer aktualiséiert huet. An dat gëtt him nach en zousätzleche Reiz.

"Über Menschen" ass bei Luchterhand erauskomm.