Normalerweis schreiwen amerikanesch Ex-Presidenten no hirem Départ aus dem Wäissen Haus hir Biographie oder loossen se schreiwen. Dem Bill Clinton ass dat net duergaang, an hien huet sech vrun e puer Joer mam James Patterson, engem vun deene gréissten, loosse mer soen, Buchverkeefer weltwäit, zesummegedoen, fir e Polit-Thriller ze schreiwen.
« The President is missing » gouf dunn natierlech, vu d’Prominenz vun deenen zwee Auteuren, e Bestseller.
Ob dat elo mat deem zweeten Opus aus deene selwechte Fiederen, « Die Tochter des Präsidenten », de Fall ass, seet eis elo de Lucien Czuga.

21/09/2021 Buch vun der Woch: Die Tochter des Präsidenten

Den US-President Matt Keating huet géint Enn vun senger Amtszäit eng schwiereg Décisioun ze huelen : hie muss en arabeschen Terrorist, deen iwwerall op der Welt bluddeg Attentater gemeet huet, e gewëssen Asim Al Aschid, eliminéiere loossen. D’Operatioun, déi vun den Navy-SEALS an de lybesche Bierger ausgeféiert gëtt, geet schif, mä dem Al Aschid seng Fra an seng dräi kleng Meedercher stierwen dobäi als sougenannt Kollateralschied. Doropshin ass et ëm dem Keating seng

Neeswal geschitt an hie muss sech géint eng Fra aus den eegene Reien, d’Pamela Barnes, geschloe ginn.

Zwee Joer dono liewt hien zréckgezunn an sengem Haus bei engem Séi an de Bëscher vun New Hampshire, wärend seng Fra hirem Beruff als Archäologin nogeet.

Enges Dags décidéiert hir Duechter Melanie, déi zanter hirem 16. Gebuertsdag net méi vum Secret Service bewaacht gëtt, mat hirem Frënd Tim op e Bierg net wäit ewech ze klammen. Prompt gëtt si do vum Asim Al Aschid entféiert an den Tim gëtt erschoss. Kuerz drop stellt den Terrorist Bedéngunge fir d’Fräiloosse vum Melanie, déi awer aus politesch-elektorale Grënn vun deramerikanescher Presidentin refuséiert ginn. Doropshin gëtt dat jonkt Meedche live op Al Jazeera vum Al Aschid gekäppt. De Matt Keating, deen der Exekutioun ohnmächteg nogekuckt huet, schwiert sech an senger Fra, hiert Meedchen ze rächen, an de Mäerder eegenhänneg ëmzebréngen. Zesumme mat e puer Secret-Service-Leit mécht hien sech ouni dass d’Regierung et weess, op de Wee…

Wann en amerikaneschen Ex-President an ee vun deene gréisste Bestseller-Auteure weltwäit sech zesummendinn, fir e Polit-Thriller ze schreiwen, dann erwaart een sech eng spannend Lektür vun der éischter bis bei déi lescht Säit. Bei « Die Tochter des

Präsidenten » ass dat allerdéngs net de Fall an et muss ee bal bis un d’Enn waarde, bis e bëssen Action an dat Ganzt kënnt. Bis dohi lieft d’Buch vun de scho bal chirurgesch präzisen Explikatiounen iwwer d’Waffen, d’Apparater an d’Gefierer, déi gebraucht ginn an dem Clinton seng penibel genee Beschreiwunge vum Liewe vun engem Ex-US-President. Fir déi, déi dat gär hunn, kann esou eppes intressant sinn, fir anerer ass d’Lektür vun dësem Buch wahrscheinlech sou nohalteg wéi e Fleck um Monica Lewinsky sengem Kleed !

« Die Tochter des Präsidenten » ass als Hardcover op Däitsch bei HarperCollins erauskomm