"Wie viel von diesen Hügeln ist Gold" ass den éischte Roman vun der asiatesch-amerikanescher Schrëftstellerin C Pam Zhang, déi et domadder net nëmmen op d'Longlist vum Booker-Prize gepackt huet, mä och op déi perséinlech Lëscht vum fréieren amerikanesche President Barack Obama. Dëse Roman ass esou eppes wéi e Western, awer aus der Vue vun de chineeseschen Awanderer, deenen hir Geschicht bis ewell wéineg erzielt gouf. D'Christiane Kremer huet et gelies.

05/10/2021 Buch "Wie viel von diesen Hügeln ist Gold"

Et ass d'Geschicht vun den zwee Gesëschter Lucy a Sam, déi sech mat engem geklaute Päerd op d'Sich no enger Plaz maachen, wou se hire Papp de chineeseschen Traditiounen no kënne begruewen. D'Mamm ass scho laang net méi do. Fir déi zwee Kanner ass et en ustrengende Wee an engem Amerika, wou d'Sich no Gold, d'Aarbecht a Kueleminnen an de Bau vun enger Eisebunnslinn d'Realitéit vun den asiateschen Aarbechter ass, déi mat der Aussiicht op Räichtum an de Westen vun den USA gelackelt goufen.

Am Laf vun den dräi Deeler gëtt een als Lieser gewuer, wéi d'Elteren an d'Land komm sinn, wéi se probéiert hunn sech e Liewen opzebauen als Famill. Et ass awer och de geféierleche Wee duerch zerrappte Landschaften, laanscht Bisons-Schanken, geféierlech Tramper an imaginär Tigerspueren vun zwee jonke Mënschen, déi no hirer Identitéit sichen, no engem rouege Liewen an enger Plaz, wou se higehéieren.

D'Autorin C Pam Zhang ass 1990 zu Beijing gebuer a koum mat 4 Joer mat hiren Elteren an d'USA. Hiren éischte Roman "How much of this hills is gold" ass direkt vun der Kritik gutt opgeholl ginn.

De Roman huet e ganz eegene Genre, et ass souwuel eng historesch Erzielung wéi e Western, eng Coming-of-Age-Geschicht an eng kritesch Ausenanersetzung mat aktuellen Themen, déi eis haut ëmmer méi beschäftegen: Ëmweltzerstéierung, Gender, Migratioun.

Dem engen oder aneren kann dat vläicht ze vill dees Gudden sinn, mä déi verschidde Sträng passen awer aneneen. D'Sprooch vun der Autorin ass ongewinnt, deels ganz poetesch an baut ëmmer nees chineesesch Ausdréck an - déi een awer néierens erkläert kritt. Eng nei an intressant literaresch Stëmm, fir déi een awer e bëssi Gedold brauch fir hir nozekommen, hir an hirer Geschicht.

"Wie viel von diesen Hügeln ist Gold" vum C Pham Zhang ass an der däitscher Iwwersetzung beim S. Fischer-Verlag erauskomm.